Richteg, d'Cycliste kenne keng Joreszäiten an den E-Bike muss d'Keelt trotzdeem aushalen. Tatsächlech ass d'Elektronik op de meeschten elektresche Vëloen esou stabil, datt de Vëlosfuerer och am Wanter mam E-Bike fuere kann. Mee de Schwaachpunkt um E-Bike ass a bleift nach ëmmer d`Batterie, wat awer ee vun de wichtegste Bestanddeeler iwwerhaapt vun engem elektresche Vëlo ass.

25/01/2023 Den Akku vum E-Bike iwwert de Wanter bréngen

Am Prinzip ass den E-Bike en All-Weather Gefier, an awer kënnen déi kal Temperaturen dem Akku schonn zousetzen an am schlëmmste Fall d'Batterië beschiedegen. D'Wanterkeelt reduzéiert d'Leeschtung vun der Batterie ewéi och d'Reechwäit vun den E-Gefierer. Dat gëllt iwwregens och fir d'Pedelecs. D'Laura Lessyn verréit eis wéi eng Preventiounen ee kann ënnerhuelen:

"Wann Dir mat engem elektresche Vëlo duerch d'Keelt fuert ass et duerno relevant den Akku mat eran ze huelen. Och wann dir zum Beispill op d'Aarbecht fuert mam E-Bike, net vergiessen den Akku mat eran huelen, sou kann nämlech den Akku net nach méi kal ginn an den ee verléiert och net u Leeschtung. Well d'Batterien zimmlech empfindlech op d'Kelt reagéieren, kritt ee mëttlerweil speziell Këschten fir den Akku dran an ze paken. Sou ass d'Batterie besser virun der Kelt geschützt. Dat schützt net nëmmen ären Akku vill besser géint Fiichtegkeet an Dreck, den Akku notzt och net esou séier of, et spuert een och bis zu 20 Prozent Energie am Verglach mat engem kalen Akku, wat zimmlech gutt ass."

Vill méi kann ee fir d'Batterie an dëser kaler Wanterzäit net ënnerhuelen. Mee Laura op wat soll een insgesamt nach um E-Bike oppassen?:

"Wéinst den e bësse méi extreme Fuer-a Stroossebebindungen an der Keelt, ass et awer besonnesch wichteg sech ëm säi Vëlo ze këmmeren. Nach méi ewéi soss, zemools gutt op d`Vëlosketten oppassen an déi och schéi reegelméisseg schmieren, ewéi och op de Kader vum Vëlo uecht ginn, d'Bremse kontrolléieren, och wéinst deem vill Salz wou gestreet gëtt, kennen emol kleng Stécker an de Bremsen hänke bleiwen. Op d'Pneuen uecht ginn och wéinst dem Gripp, deen ubruecht soll sinn, sou si dir definitiv méi sécher ënnerwée."

A nach een klengen Tipp zum Schluss: Wann dir ären E-Bike am Wanter net benotzt, dir en awer musst dobaussen stoen loossen oder ënnert engem Carport, ass et och dann wichteg den Akku mat eran an d'Haus oder an d'Appartement ze huelen. Déi optimal Batteriekapazitéiet läit wéi bekannt an engem Beräich tëschent ronn 30 an 80 Prozent, an dat gëllt och wann dir d`Batterie net benotzt.

RTL

© pixabay.com

Da wënschen d'Michelle an ech iech vill Spaass beim nächsten E-Bike Tour an passt gutt op Iech op.