Zanter 2011 schonn organiséiert d'Police, an Zesummenaarbecht mat der Stater an der Hesper Gemeng a verschiddene Partner, Selbstbehaaptungscoursen un. D'Iddi hannendrun ass u sech déi, de Leit, déi sech onsécher fillen, nees méi Vertrauen a sech selwer ze ginn.

25/01/2023 Selbstbehaaptungscours vun der Police

Et handelt sech hei elo net ëm en einfache Self Defense Cours wou et drëms geet verschidden Techniken ze léiere fir sech am Noutfall ze verteidegen. Och wann dat Deel vun der Formatioun ass. Virop geet et mol drëms, de Leit ze erkläre wat den Ist-Zoustand hei zu Lëtzebuerg ass, wat et vu Kriminalitéitsphänomener hei gëtt, ob et tatsächlech sou ass, dass ee verschidde Plaze léiwer vermeide soll oder zu enger gewësser Zäit net méi sollt virun d'Dier goen. D'Formatioun, déi iwwert 17 Séance geet, ass op 3 Pilieren opgebaut. Steve Goedert, Chef de service vum Departement "prevention crime" vun der "region capitale" bei der Police:

"Deen éischte Pilier ass u sech wat ee maache ka fir net Affer vun enger Gewaltsituatioun ze ginn, wéi kann ech dat am Virfeld erkennen, wéi kann ech vläicht och am Beräich vun der Deseskalatioun eng Situatioun entschäerfen ouni dass et dann zu engem Gewaltakt kënnt. Deen 2. Pilier ass, dass een an enger Situatioun ass wou dat Diskutéieren an Desekaladéieren net méi ubruecht ass, well ech tatsächlech scho physesch agresséiert ginn. Do hu mer de Krav Maga mat dran, an enger ganz liichter Form fir de Leit mat e puer Technike just, ze weise wat kann ech maache wann ee mech upeekt oder wann ee mech an där Hisiicht bedrängt. An den 3. Pilier ass u sech dat wat ech erlieft hunn, dat muss ech och verschafft kréien. Dat sinn déi grouss Zich vun der Formatioun."

D'Formatioun adresséiert sech u jiddereen dee sech méi sécher fille wëllt. D'Participatioun ass gratis, et muss ee sech allerdéngs am Virfeld umellen. Déi eenzeg Konditioun ass déi, dass ee minimum 16 Joer al ass.

"Et ass eng Formatioun fir jiddereen, well an enger Aggressiounssituatioun ass och, leider Gottes, jiddereen deen da kéint mat esou enger Situatioun confrontéiert ginn, also muss een och iergendwann eng Kéier vläicht léieren an esou Situatioune kënnen ze reagéieren."

Déi verschidde Partner, déi, nieft der Police, an de Coursen zu Wuert kommen, sinn dann och aus ënnerschiddleche Beräicher. Dat geet vu Bee Secure iwwert d'Mobbing asbl, Riicht eraus vun der Croix-Rouge iwwert de SCAS a Femmes en détresse asbl bis hin zu Krav Maga. D'Zil ass et sou gutt wéi méiglech Bescheed ze wësse wann een de Cours bis hannert sech huet a net méi mat där selwechter Angscht oder Onsécherheet ënnerwee ze sinn. Deemno ass, dem Steve Goedert vun der Police no, dëse Selbstbehaaptungscours wierklech jidderengem ze empfeelen:

"De Cours matmaachen ass heiansdo och well een déi Messagen dobaussen héiert wou sou e subjektiivt Onsécherheetsgefill bei de Leit entsteet an dat net berechtegt ass. A fir de Leit och mol ze weise wat tatsächlech dobausse leeft an och fir einfach mol déi Gedanken eng Kéier duerch exerzéiert ze hu wat ee mécht wann een eng Kéier géing aggresséiert ginn."

Wann een domadder waart bis dass d'Situatioun sech dann effektiv eng Kéier sollt presentéieren, dann ass et nawell gären ze spéit well een ënnert Stress net onbedéngt déi beschte Reaktiounen huet. Deen nächste Selbstbehaaptungscours geet iwwregens well den 8. Februar un. Déi Kéier op franséisch. Hei sinn dann och nëmmen nach e puer Plaze fräi. Wien et léiwer op Lëtzebuergesch huet, dee ka sech awer och well fir deen nächste Cours am September umellen. Weider Informatioune sou wéi och de Flyer fannt Dir hei:

An hei dann och d'Email Adress an d'Telefonsnummer fir Iech unzemellen:

prevention.capitale@police.etat.lu

Telefonsnummer: +325 244 40 4303