ChatGPT ass e Begrëff deen an der Tech-Welt scho fest etabléiert ass. Ma och am Alldag daucht dëse Begrëff ëmmer méi dacks op. Mee wat ass dat iwwerhaapt genee a wat kann dësen Tool alles? De Max Richartz weess méi.

25/01/23 Wat ass ChatGPT?

ChatGPT, esou heescht den dialogorientéierte Chatbot vun der Entreprise OpenAI, deen zanter leschtem Joer am November fir jiddereen accessibel ass. En Chatbot ass eng Applikatioun, déi mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz mat Mënsche kommunizéiere kann. Benotzer kënne ganz normal Froe stellen an den Chatbot beäntwert engem déi da wéi ee richtege Mënsch et maache géif. An dat ka scho mol grujeleg sinn, well mëttlerweil erkennt ee bal net méi ob den Text vum ChatGPT oder vun engem richtege Mënsch kënnt. De Benoît Majerus ass Geschichtsproff op der Uni Lëtzebuerg an huet den ChatGPT mol getest.

"Ech hat e klengen Test gemaach mat ChatGPT an ech hunn en einfach mol gefrot, datt e mer soll eng Geschicht vu Lëtzebuerg am 20. Joerhonnert op lëtzebuergesch schreiwen. An deen éischten Text, deen du komm ass, war eng hallef Säit grouss an ech war fir d'éischt mol erstaunt, datt de Programm iwwerhaapt Lëtzebuergesch versteet an och kann op Lëtzebuergesch äntweren. Seng Äntwert war haaptsächlech op d'politesch Geschicht fokusséiert, also déi zwee Weltkricher amplaz vu Lëtzebuerg an europäesch Integratioun."

Wéi hien dunn no engem méi groussen Text gefrot huet, sinn dunn och nach e puer sozial Elementer aus der Geschicht ronderëm d’Geschicht vun der Immigratioun a vun der Gläichheet vu Mann a Fra an der Lëtzebuerger Geschicht am 20. Joerhonnert mat an den Text integréiert ginn. Ma net just datt den Chatbot op Lëtzebuergesch äntwere konnt huet de Benoît Majerus iwwerrascht.

"Et gesäit een dann och, datt de Korpus, mat deem ChatGPT schafft, relativ kleng ass. Wéi ech gefrot hunn, méi ee groussen Text ze maachen, ware vill Widderhuelungen dran. Dat heescht e schéngt eigentlech net vill Elementer ze hunn am Moment. An da reproduzéiert ChatGPT natierlech och déi Narrativen, déi am meeschten am Netz verbreet sinn, well dorobber berout jo säi Korpus, an net onbedéngt déi majoritär Meenung vun den Historiker."

Fir ze verhënneren, datt den Tool onerwënscht Saachen, wéi Sexismus oder Rassismus a sengen Texter erausspäizt huet OpenAI verschidde Schutzmechanismen agebaut. Momentan ass den ChatGPT zwar nach fir näischt, ma et gëtt awer erwaart, datt een an Zukunft dofir bezuele muss. Ob esou eng nei Technik elo gutt oder schlecht fir d'Fuerschung an d'Educatioun ass, wier schwéier ze jugéieren.

"Dat hänkt vill dovunner of, wéi mer se benotzen an do musse mir warscheinlech als Enseignanten a Chercheuren nach méi léieren ze verstoen, wéi ChatGPT fonctionéiert fir datt mer et kënnen an der Fuerschung an am Enseignement asetzen. Ech ka mer zum Beispill gutt virstellen, datt mer am Cours iwwert d'Lëtzebuerger Geschicht an deenen nächste Joren mat deem Text vun ChatGPT unzefänken. An dann zesumme mat de Studenten ze schaffen, wéi eng Elementer an dem Text problematesch sinn, wéi eng feelen an dann unhand vun der klassescher Aarbecht vum Historiker, dee mat Sekundarliteratur schafft."

Dat wier eng Manéier ChatGPT an de Cours op der Uni mat anzebannen. Et soll een awer nach virsiichteg mat dësem Tool ëmgoen, well och net ëmmer alles richteg ass, wat an den, vun der kënschtlecher Intelligenz generéierten Texter, steet. D'Wësse vum ChatGPT geet momentan zum Beispill just bis d'Joer 2021.