An der Schoul ginn d'Schüler mat enger helle Wull vun Informatioune bombardéiert. Sief et Formelen an der Mathé, Textanalysen, Friemsproochen oder och nach Physik, Chimie oder Geschicht, fir nëmmen e puer Beispiller ze nennen. Fir dat alles ze verstoen an ze verënnerlechen, muss een awer als éischt mol wësse wéi ee léiere soll. A genee do ass dacks de Problem. Vill Kanner wëssen nämlech net wéi si sech uleeë sollen. Grad an deenen ënneschte Klassen am Lycée.

30/01/2023 Léiere léieren

Obwuel een dacks der Pandemie d'Schold dorunner gëtt, sou huet d'Personal am Lycée Josy Barthel zu Mamer dëse Phänomen och well virdru  gesinn an huet deementspriechend reagéiert. Mireille Penning, Mathésprof a Chef de Projet vum neie Projet d'établissement hei am Lycée:

"Mir bidden zanter 2 Joer schonn e verstäerkten Tutorat un op eise 7ième General Klasse wou se wärend deenen éischte 6 Wochen carrement 2 Stonnen d'Woch léiere léieren. Also Methodentraining maachen. Dat geet vu "Wéi paken ech mäi Schoulsak, wéi organiséieren ech mäin Heft, wéi organiséieren ech meng Hausaufgaben, wéi léieren ech fir d'Prüfung a sou weider. An d'Léierhëllef sëtzt dann duerno u fir déi Schüler ze ënnerstëtze wou dee 6 Wochentraining souzesoen net duergaangen ass. D'Léierhëllef ass dann och deel vun engem méi groussen Encadrementsprojet wou mer Bezéiungsaarbecht an de Fokus setzen."

D'Grënn dofir, dass d'Kanner haut méi Schwieregkeeten hunn ze wësse wéi se solle léieren, kënne ganz ënnerschiddlech sinn. Tessy Miersch, Educatrice graduée beim Service socio-éducatif am Lycée Josy Barthel zu Mamer:

"Haut ginn d'Eltere vill zu 2 schaffen, si mussen zu 2 schaffe goe fir kënnen dat Liewen ze féiere wat se féieren. Si hu vläicht och méi wéi ee Kand. Et ass net ëmmer dran non stop fir d'Kand do ze sinn, dat heescht d'Kand beweegt sech och mol ausserhalb vun der Schoul, et geet nach an de Sport, an d'Maison relais oder an d'Jugendhaus. Dat heescht d'Eltere schaffen de ganzen Dag, si hu vläicht net onbedéngt d'Zäit oder och d'Energie no der Aarbecht net fir nach detailléiert no schoulesche Saache vum Kand ze kucken. Do gi vill Saachen an och vill Besoine vum Kand net onbedéngt erfëllt an dat ass eben do wou d'Schoul da probéiert sou gutt wéi méiglech och den Elteren entgéint ze kommen a se do dobäi ze
ënnerstëtzen."

D'Demande fir bei deem Cours "Léiere léieren" dobäi ze sinn, gëtt entweder vum Léierpersonal oder vun den Eltere gemaach. Ee vun de Schüler deen hei zu Mamer vun dëser Offer profitéiert, ass den Dominique. Hien schéngt dann och ganz zefridden ze sinn:

"Et hëlleft ville Kanner déi vill Problemer hu sou wéi ech, zum Beispill. Ech maache meng Hausaufgaben an ech léiere fir meng nächst Prüfungen an orientéiere mech besser."

Um Internet fënnt ee mëttlerweil och ëmmer méi där Coursen an deenen e léiert ze léieren. Dovunner hält een hei am Lycée Josy Barthel zu Mamer awer net ganz vill well hei deen tëschemënschleche Kontakt feelt deen immens wichteg ass fir de Schüler richteg ze begleeden an ze ënnerstëtzen.

Dës Course ginn natierlech och nach an anere Lycéeën ugebueden. Frot do am Beschten am Service éducatif oder am Sekretariat vun der jeeweileger Schoul no.