Et gi Gesetzer, wann déi a Kraaft trieden, da spiert een se direkt am Alldag, sou wéi dat néit Offallgesetz. Zanter dem 1te Januar, soll nach manner Dreck vun eis all produzéiert ginn, zemools wa mer op Evenementer ginn, an de Supermarché oder de Restaurant. Den RTL Reporter huet nogefrot wéi dat soll ëmgesat ginn, an och schonn ëmgesat gëtt. Fir d’Éischt huet den Dan Vinkowski den Direkter vun der Valorlux getraff an sech déi néi Reglementatiounen erkläre gelooss.

30012023RTLReporter-NeitOoffallGesetz2023-6h20 Radio

De Claude Turping ass den Direkter vun der Valorlux, Sie hunn hir Büroen um Belval, wou vill Restaurant’en sinn. An engem Restaurant erkläert den Direkter eis wéi dat Gesetz zanter dem 1ten Januar 2023 ëmgesat gëtt, an op wat sech musse Konsumenten, Geschäftsleit, Restaurateuren an Organisateure vun Event, dëst an déi nächst Joer astellen.

Wéi d’Geschäftsleit op dat neit Gesetz reagéieren a wat eis an Zukunft nach esou erwaart gitt der an engem Web Reportage gewuer, op radio.rtl.lu kritt der och Linke mat méi Informatiounen.

30012023RTLReporter-NeitOoffallGesetz2023-6h20 Web