Mir sinn et scho gewinnt eisen Offall ze trennen, an der Kichen, am Keller, oder am Container. Den RTL Reporter war ënnerwee an huet sech weise gelooss wéi dat néit Offallgesetz praktesch ëmgesat gëtt, och an de Restaurant’en. Um Beispill vun engem Fast Food Restaurant weist eis den Dan Vinkowski wéi dat do elo funktionéiert.

30012023RTLReporter-NeitOoffallGesetz2023-7h20 Radio

Fir den zweete Reportage fuere mer op Käerjeng nieft d’Autobunn, an e groussen amerikanesche Fast Food Restaurant. Den Regional Manager vu Mc Donalds, den Här Mikolajetz, weist eis wéi si am Restaurant déi néi Reglementatioun zanter dem 1ten Januar an d’Praxis ëmsetzen a manner Offall produzéieren, doduerch dat manner Verpackungsmaterial agesat gëtt, Material recycléiert gëtt, a re-utilisabelt Geschier gesammelt a gespullt gëtt.

Fotoe vun deenen neien Emballagen an der Trennstatioun bei dëser Fast Food Chaîne fannt der iwwert radio.rtl.lu zesumme mat engem Web Reportage an deene passende Linken.

30012023RTLReporter-NeitOoffallGesetz2023-7h20 Web
RTL

© Dan Vinkowski

RTL
RTL
RTL