
© Laura Eline
Elo si mer de Moie scho gewuer gi wéi an de Restaurant den Offall soll getrennt ginn. Den RTL Reporter wollt awer och wësse wéi et elo bei deene groussen Evenementer ass, wéi gëtt es do manner produzéiert. Den Dan Vinkowski huet ee Mann getraff de schonn am lëschte Joer mat der Duck Race e Green Event organiséiert hat an do éischt Erfarunge konnt sammelen.
Direkt nieft der Uelzecht am Gronn, wou d’Inten schwammen treffe mer de Ronny Diederich, de schonn am lëschte Joer d’Duck Race hei mat organiséiert huet, ënnert dem Label Green Event. Wat bedeit et en Green Event ze plangen an ëmzesetzen, wéi eng Erfarunge goufe gemaach, wat fir zousätzlech Käschten entstinn, wéi reagéiert de Grand Public a firwat hunn Sie dat gemaach ? Wëll elo erëm vill Veräiner Evenementer organiséieren, wou kréien se Hëllef an Rot, och finanziell Hëllef ?
An op radio.rtl.lu gitt der am Reportage gewuer, wéi de Public an d’Kanner op déi néi Mesurë reagéiert hunn, hei fannt der och all déi passend Linken, wann der elo selwer wëllt e Green Event organiséieren.
https://www.greenevents.lu/de/


© Dan Vinkowski