D´Stad Lëtzebuerg huet e Kuebe-Problem. D`Vulle sëtzen alt zu honnerten a Kolonie beieneen a maachen Dreck a Kaméidi, D`Awunner bekloe sech an d`Gemeng huet elo reagéiert . Op 5 Plazen an der Stat sinn an de leschten Deeg Näschter ewech geholl ginn. De Chris Schagen war sech dat op Märel ukucken.

30/01/2022 An der Stad ginn d'Kuebennäschter ewech gemaach

“Et wor emol e Kueb, dee souz zefridden a frou”, sou huet de Michel Lentz schonn 1843 geschriwwen, mee zefridden a frou waren d`Awunner ronderëm d`Kuebennäschter awer guer net méi. Elleng um Boulevard Marcel Cahen zu Märel hunn d´Vigel am leschte Joer 174 Näschter gebaut, dat sinn also ëm déi 300 Kueben, déi eleng an där Strooss liewen. 

RTL

De Serge Wilmes, éischte Stater Schäffen, erkläert, firwat de Kueb elo rausgeflunn ass:

"Ma di maache ganz vill Kaméidi, wa se di Kleng och kréien a se maachen och ganz vill Knascht an dat ass natierlech eppes wat éischtens aus Salubritéits-Grënn problematesch ass mee op der aner Säit och d`Awunner sech extrem beschwéiere well se sech belästegt fillen duerch den extreme Kaméidi, deen se do ëmmer matkréien."

Besonnesch no bei Schoulen a Spillplaze si lo Näschter ewechgeholl ginn an et goufe Bamkroune geschnidden. Et ass elo de richtegen Zäitpunkt, wéi eis den Ornitholog Sören Salvatore vun Natur an Ëmwelt erkläert:

"Jo, elo ass u sech déi beschten Zäit an deem Sënn, elo kann een sech sécher sinn: Et si keng Eeër am Nascht. Et gëtt nach net gebréit an den Näschter, dat heescht, wann een Näschter wëll ewech maachen, dann elo, éier dann am Mäerz déi nei Brut-Saison lass geet."

Mee wou soll de Kueb elo hin? Wann een d`Kolonie verdreift, besteet de Risiko, dass d`Vulle sech opdeelen an esou nach méi Näschter uerschter d´Stad entstinn. 

Vu dass Kuebe geschützt sinn, e Balance-Akt fir déi Responsabel aus der Stat, de Serge Wilmes: 

"Et ass bësse sou ee Kaz- a Mausspill, wat een awer mat hinnen do mëscht, mee et muss een hei einfach de schmuele Grad fannen: op der enger Säit de Schutz vum Déier an op der aner Säit awer och ganz kloer d`Liewensqualitéit vun eisen Awunner kënnen ze garantéieren."

Kuebe kënne sech séier un en neit Doheem gëwinnen, erkläert eis de Vullefuerscher, allerdéngs bedeit en neit Nascht bauen fir si e groussen Energieopwand, bei deem se vill Fudder brauchen. 

RTL

"Et ass einfach och en Zäitopwand, an där Zäit kënnen se dann net schonn ufänken Eeër ze leeën an ze bréien, sou dass dat awer och ëmmer mat engem gewëssene Risiko verbonnen ass, wann een déi Näschter fort mécht."

Elo gëllt et, séier neie Wunnraum fir d`Kueben ze fannen, d`Logementsproblematik bleift also Suergekand Nummer 1 zu Lëtzebuerg, och fir de Kueb.

Wie gär méi iwwert den Ëmgang mam Kuebe-Problem hätt, fënnt de Plan de Gestion um Site vun der Ville de Luxembourg.

A Biller wéi d'Näschter ewech gemaach goufen ginn et den Owend am Journal op der Tëlee