
© pixabay.com
E gemitterlecht Muppebett ass net gläich e gutt. Well d'Hënn de gréissten Deel vun hirem Liewe raschten oder schlofen, ass wéi a wou se hir Rou kréie vu grousser Bedeitung. Mee wou schléift de Mupp eigentlech am beschten?
D`Hënn schlofen aneschters wéi mir Mënschen. De Muppen hir individuell Schlofphase ass vill méi sensibel. Si hunn och e méi ausgepräägt Bedierfnis wëllen ze schlofen. Dem Mënsch säi beschte Kolleeg schléift vill, wann een e léisst. Pro Dag tëschent 12 a 14 Stonnen, an déi kleng Muppe brauchen tëschent 20 an 22 Stonne Schlof. Aschlofe kënne se an e puer Sekonnen, wat leider net all Mënsch vu sech behaapte kann. A wann iergendeppes lass ass, si se och grad sou séier erëm wakereg, a kënnen direkt verdeedegen, wann et muss sinn. Mee wou schléift de Mupp am beschten? Déierendoktesch Romi Roth:
"Muppe sinn- wat hir Preferenze vu Schlofplazen ugeet esou individuell verschidde wéi d`Leit. Esou hunn déi meeschten Hënn gären eng schuckeleg mëll Ënnerlag fir ze relaxen. Mee wat d`Déier méi grouss a säi Pelz méi wuscheleg-déck ass wat et och emol léiwer op méi haarder Ënnerlag läit. An esou e groussen, schwéiere Mupp mat laangen Hoer mécht een och mat enger Buedemheizung net frou. Quasi ouni Ausnam huet all Hond Gesellschaft gär, meeschtens och fir ze schlofen. Wann awer en eelere Mupp schonn den Dag iwwer vu méi engem jonken Hond gechallenged gëtt, dann hätt dat aalt Déier sécher wéinstens nuets gäre seng Rou. A Rou an d`Gefill vu Sécherheet sinn och wann et ëm den optimale Schlof vun engem Hond geet, iewescht Prioritéit."

© pixabay.com
Ewéi eng Zort vu Bett wier optimal fir de Mupp?
"Vill Hënn gi fir ze schlofe gär an e sougenannt "Pethouse in the House", eng Zort Schlofhiel, déi iwwerall opgestallt ka ginn. An dat dem Hond e Gefill vu Sécherheet schonn eleng doduerch vermëttelt, dass hien net op eng riseg Gewan vu Raum an engem Haus oppasse muss, zu wat hie sech nämlech soss "sans faute" ëmmer obligéiert fillt. Fir dem Hond seng ongestéiert Rou ass et och wichteg, ze kucken, dass keng elektresch Apparater am Standby-Modus e Kaméidi maache géifen, dee mir Mënschen ënner Ëmstänn net héieren, si awer wuel."
D`Decken, d`Këssen ewéi och dës kleng Schlofhiel propper halen, am beschten do all puer Woche mat enger Eco Seef oder Haushalt Esseg alles wäschen. Desinfizéieren am beschte vermeiden, well dëse Geroch ze intensiv fir de Mupp ass.

© pixabay.com
Egal wéi, et wëll een nëmmen dass et senge léifste Véierbeener gutt geet, och beim schlofen.