
Wie kennt et net? Déi Middegkeet déi een Nomëttes op eemol sou iwwerfält, gekoppelt mat engem extremen Drang an deen Tirang nieft sech, dee mam Schockela an de Kamellen, ze gräifen. A schwuppsdiwupps ass den Tirang eidel an de Bauch voll. An direkt dono kënnt et dann, dat schlecht Gewëssen! Dat muss awer net sinn, Nicky Soisson.
Wann ee Loscht op Séisses hutt, da soll ee fir d'éischt mol e grousst Glas Waasser drénken. Dacks verwiessele mir nämlech Honger mat Duuscht oder gräifen aus Langweil oder Stress zu Klengegkeete fir tëschenduerch. Zouginn, Waasser ass elo net grad dat wat ee sech wënscht wann ee sou e klengen "Creux" op Séisses huet, ma einfacht Spruddelwaasser oder gemëscht mat e bëssi Jus, siedegt nawell.
Sech bestëmmte Liewensmëttel grondsätzlech ze verbidden, mécht engem ënner Ëmstänn nach méi Loscht drop. An da wiere mir schonn erëm bei deem schlechte Gewësse wat eis reegelrecht verfollegt wa mir dann awer nees zougräifen. Dowéinst soll ee sech roueg mol eppes gënnen, natierlech awer a Moossen. A wann et mol eppes manner Gesondes ass, wéi zum Beispill Chipsen oder Kamellen, dann hëlleft et, sech eng kleng Portioun an eng Schossel ze maachen an de Recht nees schéi brav zréck an de Schaf ze leeën. Ganz nom Motto: "Aus den Augen, aus dem Sinn!"
Gesond Séissegkeete ginn et leider keng. Dofir awer Alternativen déi eisem Kierper zerguttst kommen. Mat selwergemaachte Müsliriegelen, Superfood Pudding oder Huewerkichelcher kann ee säin Zockerkonsum besser kontrolléiere wéi mat fäerdege Produiten. Donieft gi se engem och wäertvoll Mineralstoffer. De Grëff an d'Uebstkëscht ass bei Loscht op Séisses awer nach ëmmer dee beschten. Ma och hei soll een net iwwerdreiwen. Et ass net well et Uebst, an deemno natierleche Fruuchtzocker ass, dass een dowéinst dra schloe soll.
Sollt dee klengen Honger tëschenduerch awer mol eng Kéier e Gréissere sinn, da kann een op Proteinnen aus Eeër, Poulet, Lënsen, Ierbessen a Co zréckgräifen. Déi siedege laang, halen eis fit a verhënneren déi bekannten "Heißhungerattacken". Genee sou wéi Vollkarproduiten déi eis och Nomëttes wakereg halen. Nëss an Avocado stieche voller Mineralstoffer a gesondem Fett déi och eist Gehier fit halen. A fir deen, deen och Nomëttes net op Geméis verzichte well, kommen am Viraus preparéiert Zaloten, a Stécker geschniddent Geméis mat selwer gemaachtem Dipp oder Geméischipsen a Fro. Natierlech net aus der Friteuse mee aus dem Uewen.
A wann d'Loscht op Schockela dono nach ëmmer akut ass, da kann ee sech natierlech e Stéckelche geneemegen. Awer net déi ganz Tablett!