Jidderee vun eis huet Erënnerungen u Liichtmëssdag, vun Dier zu Dier, oder vu Buttek zu Buttek sange goen, a seng Tut mat Schneekereie fëlle loossen. Den RTL Reporter mëscht sech fir t'éischt emol op d’Sich no de Wuerzele vun dem typesch Lëtzebuerger Brauch. A wien kéint den Dan Vinkowski do besser ëm Rot froen, wéi e gudden ale Bekannten, den déi Geschicht gutt kënnt.

01022023RTLReporter-LiichtmessDag 6h20 Radio

Mir hu Rendezvous an der Theater Stuff mam Alain Atten, bei enger Cola schwätze mer iwwert d’Geschicht an de Brauch vu Liichtmëssdag, déi bis an de Mëttelalter zeréck geet. Mam Sproochmates tausche mer eis Erfarungen aus der Kandheet aus, kucken eis de Lidder Text emol méi genee un, a froe wat deemols aus dem Speck an den Ierbesse gemaach gouf.

Wou dat Lidd, Léiwer Herrgottsblieschen hier kënnt, firwat de klénge Kinnek u sech guer näischt mam Liichten ze dinn huet a wat aus Speck an Ierbesse gemaach gouf, gitt der an engem Web Reportage gewuer, bei eis op radio.rtl.lu

01022023RTLReporter-LiichtmessDag 6h20 Web