Elo haten se jo genuch Zäit fir d’Lampione fäerdeg ze bauen, an d’Lidd ze prouwen. Den RTL-Reporter ass erëm an zeréck an der Schoul, an do huet de Lampion dëst Joer e ganz bestëmmte Motiv, wéi eis d’Kanner an d’Joffer erzielen, an den Dan Vinkowski ass och net mat eidelen Hänn komm, falls déi Kléng gutt sangen?

01022023RTLReporter-LiichtmessDag 9h20 Radio

En Dag virum grousse Sangen, kucke mer mat de Kanner an der Schoul zu Nidderkuer wéi eng Lampion’en dëst Joer gebaut goufen, wéi en Personnage do drop ass a wou den hir kënnt. Duerno sangen eis d’Kanner all zesummen de Léiwer Herrgottsblieschen, a kréien natierlech och e Kaddo vun RTL, en rouden Lanyard, un de verschiddener direkt och hiren Lampion drun hänken.

De Grüffalo um Lampion, a wéi den RTL Lanyard bei de Kanner ukoum, gesitt der bei eis op radio.rtl.lu, hei brénge mer Iech och den Text vum Léiwer Herrgottsblieschen, fir dat der och Doheem nach kënnt mat de Kanner üben.

Léiwer Härgottsblieschen, Gitt ons Speck an Ierbessen

Ee Pond, zwee Pond,

Dat anert Joer da gitt der gesond,

Da gitt der gesond.

Loosst déi jonk Leit liewen, an déi al Leit stierwen / derniewent.

Kommt der net bal,

D'Féiss ginn ons kal.

Kommt Der net gläich, Da gi mer op d'Schläich.

Kommt der net geschwënn, D'Féiss ginn ons dënn.

Kommt Der net gewëss,

Da kritt Der e Schouss voll Nëss.

RTL

© Dan Vinkowski

RTL

© Cathy Weis

RTL

© Dan Vinkowski