A Saache Gerochssënn sinn d'Muppen eis Mënschen wäitaus iwwerleeën. De Mënsch huet ongeféier 5 Millioune Gerochszellen iwwerdeems den Hond, jee no Rass, tëscht 125 an 220 Milliounen där Zellen huet. Och de Beräich vum Gehier an deem Gerécher verschafft hin, ass bei eise Buddies op 4 Patten däitlech méi grouss wéi bei eis.

31/01/2023 Ëmmer der Nues no - eng flott Aktivitéit mam Hond

Hënn sinn och fäeg ze erkennen a wéi engem Nueslach e Geroch méi intensiv wouer geholl gëtt fir zum Beispill d'Richtungen ze lokaliséieren aus deenen e Geroch kënnt. D'Fäegkeet tëscht verschidde Gerécher ze ënnerscheeden, ass bei Muppen dann och gutt 1000 mol méi héich wéi bei eis. Dem Hond seng Nues ass, wéi een dat onschwéier erkenne kann, permanent am Asaz wéi d'Jacqueline Koerfer, Hondstrainerin a Formatrice fir d'Aarbecht mat der Nues bei Muppen, erkläert:

"E geet mat senger Nues um Buedem trëppelen an e versicht déi ganz SMSen ze liesen déi déi aner Hënn hannerlooss hunn an e schreift natierlech och SMSen an dat ass scho mol de Basisprinzip vun der Nuesenaarbecht. Nuesenaarbecht ass awer och, wann e Juegdhond e Wëld verfollegt a vläicht stelle kann, awer och wann eng kënschtlech Spuer verfollegt gëtt wéi Mantrailing. Et kann awer och sinn, dass den Hond Krankheeten entdeckt wéi Diabetes oder Corona. Ma och am Aarteschutz kann een Nuesenaarbecht ganz wäertvoll asetzen."

Grënn fir dës Aktivitéit mat sengem Hond ze maachen, ginn et der genuch:

"Nuesenaarbecht ass virun allem aartgerecht, dat heescht den Hond ass eigentlech dofir gebuer fir seng Nues anzesetzen an dofir mécht him dat onheemlech vill Spaass. An en huet eigentlech och déi richteg Kapazitéiten dofir. Seng ganz Nues ass dorobber ausgeriicht fir ganz ënnerschiddlech Gerécher opzehuelen an ze klasséieren an domadder ze soen "ah, dat kennen ech, dat doten hunn ech scho geroch". Dat mécht dem Hond einfach Spaass an en ass ausgelaascht doduerch."

Ma fir den Hond drun ze kréie seng Nues geziilt anzesetze fir bestëmmte Gerécher opzespieren, brauch et awer eng Formatioun. An do kënnt d'Jacqueline Koerfer an d'Spill. Si bitt direkt 2 verschidde Formatiounen un, déi eng ass mat enger gudder Frëndin an nennt sech Nosy Dogs, also sougenannte Mantrailing:

"Do léiert den Hond eng Spuer ze verfollegen, eng Mënschespuer, egal ob dat am Bësch, op der Wiss oder an enger Stad ass an hie muss déi Spuer vis à vis vun anere Spueren differenzéieren."

Bei där 2. Formatioun geet et ëm den Aarteschutz an déi gëtt an enger 1. Phase zu Bettenduerf beim Jacqueline Koerfer dobannen, an hirem Trainingsraum, ofgehalen.

"Do bilden ech Famillienhënn aus fir am Aarteschutz täteg ze sinn. Dat heescht mir siche Schlagopfer ënnert Wandrieder, mir sichen och Exkrementer vum Wollef, mir hu Leit déi mat hiren Hënn Jakobskreuzkraut am Hee sichen, Bettwanzen oder Schimmel. Also do gëtt et eng ganz grouss Palett."

Wann de Mupp dobanne bis gutt eens gëtt, geet et dann och eraus. Esou eng Formatioun dauert dann op mannst 1 Joer a wann de Mupp da bis ausgebilt ass an op deen een oder anere Geroch spezialiséiert ass, waart en op säin Asaz.

"Et ginn Institutiounen déi eis Déngschter ufroen. Dat war eng Kéier beim Ëmweltministère de Fall. Mir schaffen elo fir d'SEO an d'Naturverwaltung vun Dikrech ass och ganz staark un eiser Aarbecht interesséiert. Dat wat mer nach e bëssi sichen, dat ass e Schädlingsbekämpfer dee mat eis an déi Welt vun de Bettwanzen a vun der Schimmelproblematik géing antauchen an eis do och e bëssi géing ënnerstëtzen."

Avis aux amateurs deemno! Firwat net mol vum Hond sengem super Gerochssënn am Kader vun der Aarbecht profitéieren? Weider Informatioune ginn et op

Sief dann och nach gesot, dass dës Aktivitéit den Hond fuerdert an niewebäi och nach richteg ustrengend fir hien ass. A wat och nach flott dorunner ass, ass, dass een dës Aktivitéit bei schlechtem Wieder ouni Problem kann dobanne maachen.