
© pixabay.com
Hënn kënnen e gutt Stéck besser mat hirer Nues richen wéi mir Mënschen, dat ass näischt Neits. Ma grad well si vill méi intensiv riche kënnen, gëllt et bei verschiddene Gerécher opzepasse wa mir eise Kolleeg op 4 Patten net verjoe wëllen.
Muppe sinn effektiv kapabel subtil Ënnerscheeder tëschent 2 Gerécher ze erkennen.Dat bedeit awer net, dass all Geroch gutt fir si ass. Effektiv ginn et verschidde Saachen déi Hënn net gär hunn, Jacqueline Koerfer, Hondstrainerin:
"Jo, et gi Saachen déi den Hond einfach net gäre richt. Et muss ee sech virstellen, dass den Hond eng héich sensibel Nues huet, dat heescht vill méi sensibel wéi eis Nues a wa fir eis scho Gerécher net angeneem sinn, da si se fir den Hond nach vill méi onangeneem."
Och wann all Hond verschidden ass, sou ginn et awer definitiv eng Rutsch Gerécher déi unanime als desagreabel empfonnt ginn. Virop ass dat zum Beispill de Knuewelek oder d'Ënnen déi dacks an eiser Kiche benotzt ginn. Kee Wonner, dee Geroch ass esou staark, dass eis Mënschen d'Aen tréine wa mir eng Ënn opschneiden. Och Gewierzer wéi Chilli a Peffer sinn net sou den Hit fir si. Och Zigarettendamp gehéiert, wéi ee sech virstelle kann, net zu de Favoritte fir dem Mupp seng empfindlech Nues.
"Den Hond kritt zwar kee Longekriibs, mee e setzt sech am Pelz fest an en Hond leckt sech jo ëmmer an doduerch kritt en dann éischter Nuesekriibs. Da ginn et awer och nach aner Saachen déi einfach nëmme penibel si fir den Hond: all gemuelen a frësch Gewierzer wéi Kanéil, Ingwer, Basilikum oder Peffermënz. Da gehéieren dozou awer och Zitrusfriichten déi och e ganz bäissende Geroch hu fir den Hond. Dat kënnt natierlech duerch déi ätheresch Ueleger déi an deene Schuele sinn, awer och an der Fruucht selwer."
Ma och Botzmëttel gehéieren net zu deene Saachen déi de Flocki gäre richt. Donieft si se och net grad gesond a reizen d'Nueseschläimhaut. Esseg, och wann et déi natierlech Alternative ass fir ze botzen, kënnt awer och net vill besser un. Ma op mannst ass en net gesondheetsschiedlech fir eist Déier.
"Et ginn awer och Lösungsmëttel déi mer am Nagellackentferner fannen, wéi zum Beispill den Azeton, oder, wann een als Hobbyhandwierker ënnerwee ass, White Spirit. Et gi Mottekugelen, den typesche Geroch vun Naftalin, ass fir den Hond och e bëssi onangeneem, an och Alkohol. D'Liewer vum Hond kann den Alkohol net ofbaue sou wéi beim Mënsch, mee dat geschitt an der Long."
Et soll een och lues mat staarkem Parfum oder After Shave ëmgoe wann een net wëll, dass den Hond e grousse Bou ronderëm ee mécht.
Am grousse Ganze schéngt et also relativ evident, dass all déi Gerécher déi mir als Mënsch well als zimmlech staark oder penibel empfannen, fir den Hond nach vill méi desagreabel sinn. Genee sou si Mupp a Mënsch sech och net ëmmer driwwer eens wat gutt a wat schlecht richt. Spéitstens wann de Flocki sech am nächste Kouflapp wänzelt, gëtt dat eis nach eng Kéier sou richteg bewosst.