Net nëmmen dass mer hei ënnen alles verknaschten, och iwwert eise Käpp flitt nawell vill Dreck. Et ass méi Weltraumschrott ënnerwee ewéi ee kéint mengen. Mir hu bei der Lëtzebuerger Space Agence nogefrot firwat e geféierlech ass a wat dogéint ënnerholl gëtt. 

01/02/2023 Wat maache géint de Weltraumschrott?

E lauter Metallstécker, an déi si vun eis selwer duerch eis Aktivitéiten eropgeschoss ginn. Et sinn och natierlech Deeler ënnerwee, där sinn et awer vill manner. Hei schwätze mer haaptsächlech vun der Zon a 500 bis 2'000 Kilometer Héicht, dat ass déi wou am meeschte Stécker ze fanne sinn an déi och am kriteschsten ass. Wéi vill Weltraumschrott genee do uewen ënnerwee ass, konnten se eis och net genee bei der Lëtzebuerger Space Agency soen. De CEO Marc Serres:

Dausenden Deeler sinn ënnerwee

"Haut mat den Technologien déi mer hunn, kënne mer déi, déi iwwer 10 cm grouss sinn, identifizéieren an dat heescht haut sinn der schonn 30.000 detektéiert ginn. Déi gi reegelméisseg getrackt, déi hunn eng Nummer. Et sinn der warscheinlech nach eng Rei déi net identifizéiert sinn, an da ginn et der nach vill méi déi méi kleng sinn. Stécker tëscht engem an 10 Zentimeter sollen der eng Millioun ënnerwee sinn."

Bei Deeler vun 1 mm sinn der ongeféier 130 Milliounen ënnerwee. 2024 gi Satellitten doropper geschéckt, déi den Iwwerwaachungssystem verbessere sollen fir d'Stécker mat Zäiten ze erkennen.
Alleguer, och wa se ganz kleng sinn, si geféierlech well se ganz séier fléien. Esouguer eng kleng Schrauf kann enorme Schued un engem Satellit uriichten. A wann an Zukunft esou vill méi Satellitten eropgeschoss ginn (mam Risiko dass och erëm vun deene Stécker ronderëm fléien), da gëtt d'Probabilitéit ëmmer méi grouss dass esou een Stéck an en aktive Satellit arennt an en da futti mécht.

Den Ament kënne mer de Weltraumschrott nach net raumen, mä et gi Visiounen an deementspriechend an Zukunft och Missiounen. Aktuell ginn et Recommandatiounen dass d'Satellitte, jee nodeem a wéi enger Altitude se sech befannen, einfach geréckelt oder express an d'Atmosphär eroffalen a verbrenne gelooss ginn. Verschidde Länner fuerderen och schonn legal Obligatiounen fir dass déi Entreprisen oder Organisatioune, déi Satellitten eropschéissen, direkt virgesinn et esou ze maachen dass herno kee Schrott iwwreg bleift.  

Experimenter lafen

"Wa mer elo schwätze vun dee Schrott ewechhuelen, do schwätze mer och nëmme vun de grousse Saachen, grousse Satellitten, do goufe schonn Experimenter an Amerika an an Europa gemaach. D'ESA huet do och e Programm fir eng éischt Missioun ze maachen fir esou ee Satellit ze desorbitéieren. Bon, et ass net bëlleg, virun allem bei der éischter Kéier sinn et grouss Montanten. Mir schwätze vu ronn 200 Milliounen."

Dat kéint e Geschäftsmodell fir d'Zukunft sinn. Déi Europäesch Weltraumagence beoptraagt och scho Startuppen.

Ass et e Business-Modell?

"Mir komme net dolaanscht fir do eppes mussen ze maachen. Och d'Entreprise selwer, d'Operateuren, hunn Interêt drun kee Schrott am Wee ze hunn. Haut ass dee Businessmodell nach net ganz kloer, et gesäit awer esou aus ewéi wann an der Zukunft d'Operateure selwer wäerten Servicer akafen fir och déi al Satellitten ewechzehuelen."

Wann dat klappt, muss ee kucken fir et ze kommerzialiséieren an d'Präisser erofdrécken. A wann aus der Recommandatioun de Schrott ewech ze raumen éieren eng Obligatioun gëtt, da stinn d'Zeechen op Gréng. Op internationalem Plang ginn et och schonn deementspriechend Diskussiounen.

Zesumme mat der Schwäizer Startup-Entreprise Clear Space wëll d'ESA e Roboter an d'Äerdëmlafbunn schécken, dee mat senge Gräifäerm Dreck a futtis Satellitte raume soll. Déi éischt Missioun ass fir 2025 geplangt.