Wat wieren eis Schwämmen ouni déi vill Schwammmeeschter ? Fréier stoungen se mam strenge Bléck laanscht de Basseng fir opzepassen, dat keng Dommheete gemaach ginn. Haut hunn se nach vill méi Aufgaben an der Schwämm. Dofir trëfft den RTL Reporter elo de Meeschter perséinlech, an den Dan Vinkowski freet no, wéi een de Beruff léiert.

06022023RTLReporter-Schwammen 9h20 Radio

De Mike Fandel stellt eis de Beruff vum Schwammmeeschter vir, de Kevin Kass war fréier Léierbouf an der Schwämm an huet duerno seng Begeeschterung fir d’Schwammen zum Beruff gemaach. Hien erkläert eis wéi eng Konditiounen ee muss erfëlle fir Schwammmeeschter ze ginn, wéi eng Formatiounen ee muss maachen e wéi den Alldag vum Schwammmeeschter ausgesäit, a wéi ëmmer méi Dammen a de Beruff kommen.  

 

RTL

© Dan Vinkowski

RTL