Mir schreiwen 2023 an natierlech gouf sech iwwert déi 23 scho Gedanke gemaach. Ausser dat se ongrued ass an och eng Primzuel, wat kann een dann nach iwwert déi Zuel wëssen? E puer hu mir der am Internet zesumme gesicht.

01/02/2023 23 eng extra Zuel?

Do gëtt et dann och mol déi Angscht virun der 23, wéi eben och virun der 7 oder der 13.

An da ginn et och déi Mënschen, déi sech vun der 23 ugezu fillen an an alles eng 23 als Zeeche gesinn.

Beispill ass de William Shakespeare. Den engleschen Dramatiker soll den 23. Abrëll op d'Welt komm sinn an och den 23. Abrëll gestuerwen. Zoufall oder just verschriwwen? Kee kann dat méi wëssen.

 

Wa mir eis Chromosome kucken. All Chromosom ass eng laang DNA-Kette mat Honnerte vu Geenen, déi matenee verbonne sinn. D'Zelle vun engem Kierper hunn am Duerchschnëtt eng 46 Chromosomen, déi an 23 Koppele gegliddert sinn.

Eng Partie Sportler hunn dann d'23 un, wéi de Basketspiller Michael Jordan oder de Fussballspiller David Beckham.

Eis Äerdachs huet eng Pente vun 23,5 Grad zu der Ekliptikebene an do schwätze mir vun enger Äerdneigung.

An op de Keeser Caesar gouf 23 mol agestach, wéi se dee virun deck 2000 Joer wollte lass ginn.

Da ginn et och Filmer, déi vun der Zuel 23 handelen, wéi de Mysterythriller ''The Number 23'' mam Jim Carey oder '' 23-nichts ist so wie es scheint'' mam August Diehl. Do geet et iwwert d'Liewe vum Hacker Karl Koch an do komme mir bei d'Verschwörungstheorien eraus.

Well de Koch mengt Zeechen ze erkennen, eben och d'Zuel 23 an Zesummenhang mat enger Verschwörung.

Dat féiert eis bei d'Illuminaten, e Geheimbond, dee virun 200 Joer vum Adam Weishaupt gegrënnt gouf an zanterhier als mysteriéis Weltverschwörer gëllen.

Dacks gëtt dann och esou laang gerechent, bis een eben op der 23 ass.

Beispill do: 11. September 2001, den Datum wéi 2 Fligeren an de World Trade Center geflu sinn. Wann een d'Zuelen addéiert, ass een op 23. (11+9+2+1=23)

Oder anert Beispill: Den 23. Dezember 2012 ass de Maya-Kalenner op en Enn gaangen, do sollt d'Welt ënnergoen. D'Maja hate sech verrechent, nach ass näischt ënnergaangen.

Och op déi 23 kann ee sech mol net méi verloossen.