Zanter der leschter Woch erlaabt d'Europäesch Unioun Grillepolver am Iessen, och a Fleeschersatzproduiten. Och Heesprénger an Mielwierm kënnen dran ze fanne sinn.

Hei an eise Géigende si mer net dru gewinnt Insekten ze iessen oder se verschafft an de Liewensmëttelen ze hunn, an aneren Deeler op der Welt ass dat ganz anescht. Crustacéen ewéi Scampien sinn awer no Famill mat hinnen an déi iesse mer jo awer och. Ob een Insekte fir ze iessen elo gutt fënnt oder net, mir wollte wëssen wéi sécher déi Produite sinn an hu bei der ALVA nogefrot, der Lëtzebuerger Veterinär- a Liewesmëttelverwaltung. Den Directeur adjoint Patrick Hau iwwer déi sougenannt 'Novel-Food'- Reglementatioun.

Eng kloer Reglementatioun

"Dat ass eng Reglementatioun déi gemaach gouf, fir eben ze verhënneren, dass duerch neiaarteg Liewesmëttel kann eng Gefor entstoen fir d'Gesondheet beim Konsument. Do ass da festgeluecht, alles wat viru 1997 net um Maart war a wou dann och keen Historique de consommation war, däerf net als Liewesmëttel verkaf ginn an der Europäescher Unioun ouni eng Autorisatioun ze hunn an ouni eng Evaluatioun vun der EFSA kritt ze hunn."

RTL

© Pixabay

Am Moment sinn et 4 Insekten, déi dierfe giess ginn, an och Produiten, déi aus hinne gemaach ginn. De Mielwuerm, den Heesprénger, e Kärekäfer an d'Grillen, déi elo rezent nach dobäi komm sinn.

Allergien sinn duerchaus méiglech

"Dat Eenzegt wat ee vläicht muss soen: verschidde Leit, déi Allergien hunn op zum Beispill Krustendéieren, kéinten eng Kräizallergie hunn wa se déi Produiten géife consomméieren. An dofir leet déi europäesch Reglementatioun och fest, dass do musse spezifesch Mentiounen am Etiquetage vun de Liewesmëttel gemaach ginn. Wou kloer ze erkennen ass,  dass eben dat oder dat Insekt dran ass."

Et kritt een also näischt ënnergejubelt wat ee net wëll iessen. A wie frou domat ass oder nach gëtt, mécht eppes fir säi Kierper an d'Ëmwelt. Insekte si räich u Proteinnen. Se brauche manner Plaz a Waasser ewéi Ranner zum Beispill a verursaache manner CO2-Emissiounen.

Eng Alternativ zu anere Quellen fir Proteinnen

"Et kann dann doduercher och eng Alternativ sinn zu anere Produiten wou vill Proteinnen dra sinn (Fleesch zum Beispill, Mëllechproduiten oder och Leguminosen) a kéint dann eben och de Regimm completéieren, wa net genuch Proteinnen do sinn. Ech perséinlech fannen hei an eise Géigenden hu mer eigentlech méi wéi genuch Proteinnen, dat heescht mir si net onbedéngt drop ugewisen. An anere Géigende vun der Welt ass dat awer ganz anescht. Do ginn et Populatiounen, déi e Mangel hunn u Proteinnen, an do kéint dat heiten eppes ganz Intressantes sinn."

RTL

© Pixabay

Ob d'Insekten gesond sinn oder net, hänkt ewéi bei alle Liewesmëttelen mat der Zoubereedung zesummen. Gi se am Fett gebak, ass dat net immens gesond. De Präis vun de Produiten aus a mat Insekten ass nach relativ héich a se ginn aktuell éischter nach als Nischeproduit ugesinn.

Um Site vun der ALVA ginn et weider Informatiounen zum Thema 'Insekten am Iessen':

[link]https://securite-alimentaire.public.lu/fr/professionnel/Denrees-alimentaires/Nouveaux-aliments/Insectes.html[link]