
Haut ass nees RTL Jobdag op der Cloche d’Or, wou nees vill Virstellungsgespréicher gefouert ginn. Mä wat muss een sengem Patron alles iwwer sech a säi Privatliewen verzielen. Huet de Chef e Recht drop fir alles iwwer säin neien Mataarbechter gewuer ze ginn a wou ass privat wierklech privat?
Kann de Patronen sech och iwwer Facebook informéieren iwwer den Ëmgang, Hobbyen, de Partner?
Mee wei ass dat dann elo? Wéi wäit muss ech mengem zukünftege Patron da soen, mat wiem ech mech da sou privat ophalen, Maître Jean-Jacques Schonckert?
"D’Fro muss ëmgedréint gestallt ginn. Net “wat muss ech soen?”, mee “wat dierf de Patron froen?”An do ass all Fro, déi par Rapport zu menger Sexualitéit, zu menger Hautfaarf, zu menger reliéiser Iwwerzeegung, zu menger politescher Iwwerzeegung, zu menge politeschen Engagementer, ass verbueden, sos kann et eng "Discrimination à l’embauche" an déi ass laut Lëtzebuerger Strofgesetzbuch strofbar, bis zu 2 Joer Prisong. Hei ass et awer elo sou, dat ech mech als Employé awer och froe muss, wann ech zum Beispill géint d’Kierch sinn, op ech da fir d’Kierch schaffen? Dat ass meng eegen Ethik an dat ass elo hei zum Beispill bäi deem Journalist un him selwer sech ze froen, op en sech dat undoe wëll, well e kéint jo effektiv an en Interessekonflikt kommen. Dat ass da meng eegen Ethik, mat där ech dat vereenbare muss."
Wat kann ech dann elo maachen, wann ech denken, dat de Patron seng Kompetenzen awer elo bëssen iwwerstigen huet?
"Do muss ech dann awer och beweise kënnen, datt en dat gemaach huet. Dat heescht ech muss entweder bäi d’Police trëppelen oder an dësem Fall wier d’Inspectioun du travail et des mines déi besser Ulafstell an da kënnt natierlech d’Beweislaascht. Do gëtt et da komplizéiert."
Jo wann ech dann direkt mat der Persoun, déi mech soll astellen op d’Geriicht ginn, ech mengen da sinn d’Chancen, datt ech dann och agestallt ginn, relativ kleng oder?
"Dat souwisou, mee do geet et jo dann no dem berüümte Prinzip an da kucken d’Leit op eemol net méi em. "Koste es was es wolle". Da geet et wierklech nëmmen nach em de Prinzip an da fléien d’Fatzen an dat ass ni gutt."
A wat ass dann elo äert Gefill bäi der Geschicht an Däitschland? Wéi kéint déi Geschicht elo ausgoen?
"Wéi geet déi Geschicht elo aus, also datt de Mann do dat villäicht agesäit. Ech kann do an eng Situatioun kommen, wou ech mäin Job net méi kann ausüben, sos bréngen ech meng Partnerschaft a Gefor oder e seet, dat d’Partnerschaft him dat net wäert ass. Dat ass eng Méiglechkeet oder de Sender seet, dat hien ee Feeler gemaach huet an dat hätt misse soen, mee da kritt de Sender awer ee Problem, well dann ass et eng Diskriminatioun."