
© Pit van Rijswijck
7 Marathone bannent 7 Deeg op alle 7 Kontinenter. Dat kléngt dach no engem Challenge oder? Ma genee dat huet de Lëtzebuerger Pit van Rijswijck wëlles. An en ass scho gutt amgaangen. Nodeems e gëschter schonns beim éischte Marathon an der Antarktis, bäi Minus 7 Grad, als Zweeten op der Arrivée ukomm ass, ass et haut zu Kapstadt a Südafrika weidergaangen. Hei ass hien op eng excellent 4. Plaz gelaf.
De Pit van Rijswijck leeft elo schonns méi wéi 15 Joer an ass ëmmer op der Sich no neien Erausfuerderungen. An dat Ganzt mécht hien aus engem gudde Grond. Hien huet sengem 2020 verstuerwene Papp, mat deem hien déi gréisste Challengen zesumme gemeeschtert huet, versprach um World Marathon Challenge deelzehuelen. An dat mécht hie fir d'Glioblastoma-Fuerschung ze ënnerstëtzen. Dat ass eng Zort vun Tumor am Gehier, mat där säi Papp den Tun ze kämpfen hat. Dofir huet hien d'Initiative "Running against Cancer", déi ënnert der "Fondation Cancer" leeft, an d'Liewe geruff. Dës Woch hannerléisst hien dann elo op alle 7 Kontinenter säi Foussofdrock. Mir hu mam Lëtzebuerger Leefer geschwat a gefrot wéi hien déi éischten Erausfuerderung erlieft huet.
"Déi éischt 2 ware scho relativ extrem. Aus der Antarktis hu mer éischter misse fort, well d’Wierder net immens gutt war. Et ware minus 7, 8 Grad. Dat war net dee gréisste Problem, mee et war immens Loft, em 50 km/h. Dat war da gefillt Temperature vu Minus 20 oder 25 Grad. Dowéinst si mer och ëmmer nëmmen eng Stréck erop a rof gelaf, well duerch déi Loft huet een och näischt gesinn an et wier einfach ze onsecher gewiecht. Mee insgesamt muss ech soen, dat déi meescht Leit méi Problemer mat der Keelt haaten, wéi ech. Ech hunn d’Keelt och léiwer wéi d’Hëtzt. Sou datt et mir relativ gutt gaangen ass. Mir haaten do ee kléngt Zelt, wou mer no all Tour hätte kéinten eran e bëssen opwiermen oder eppes waarmes drénken."
D'Course vun haut war dunn genee de Géigendeel. Iwwert d'Mëttegstonn sinn d'Leefer an der praller Sonn vu Kapstadt gelaf. Ma méi kal soll et och muer net ginn. Déi nächst Destinatioun ass nämlech Australien. Dat ass dee längste Flug vun der ganzer Woch.
"Da lande mer do muer am Nomëtteg an da gi mer op déi Plaz op där mer solle lafen. Dat ass esou een australesche Marathon Club, deen de Marathon organiséiert. Da war den initiale Plang, viru Wochen nach, fir dann Owes um 18h00 ze starten, mee dat hu mer dunn verréckelt op Owes 9, well dann einfach keng Sonn méi ass. Well do ass et nach méi waarm wéi hei. Fir ze evitéieren, datt mer do bäi 35 Grad an der Sonn musse lafen, lafe mer dann elo Owes, bäi knapp 25 Grad an ouni Sonn an dat kléngt scho besser, wéi dat anert."
Da geet et weider iwwert Dubai, op Madrid, virun op Fortaleza an den Ofschloss ass dann an Amerika zu Miami. Wann de Pit dat dann hannert sech huet, ass hien 295 Kilometer a ronn 168 Stonne gelaf. Ech mengen dann huet en definitiv eng Paus verdéngt.