D’Zil ass den ökologeschen an och soziale Foussofdrock vun Entreprisen am Kader vu Festivitéiten a Versammlunge reduzéieren. Gëschter gouf am Ökozenter Pafendall de Projet «Green Business Event» virgestallt. De Projet ass eng Kooperatioun tëscht ënnert anerem dem Emweltministère  an dem Ökozenter. Charel Thillen

02/02/2023 Green Business Event 07h30 (Online) thillen

Op Konferenzen oder soss groussen Evenementer ka mol gär vill Dreck entstoen, nohalteg ass et och net ëmmer. Mat der Ëmsetzung vum Projet «Green Business Event» wëll Lëtzebuerg elo  Virbild ginn fir méi e grousst Ëmweltbewosstsinn. Den Tourismusminister Lex Delles
"Businessevents do riichte mer eis un eng ganz international Clientèle. Dat si Betriber di entweder hei zu Lëtzebuerg sinn an eng Konferenz hei organiséieren, respektiv awer och Associatiounen di vun iwwerall vun der Welt op Lëtzebuerg komme fir hei een Event  ze organiséieren."
Fir als Organisateur de Logo vum «Green Business Event» fir di eege Evenementer ze kréien, mussen  eng Partie Critèren erfëllen. De Logo vum «Green Business Event» huet dohier och sei Präis. Net nëmmen ökologesch, mee och sozial Faktore mussen an Uecht geholl gi.Des kennen am Viraus um Internetsite vum Ökozenter consultéiert gi a ginn och duerno vun hinnen kontrolléiert. Zum Beispill mat der Rechnung vun engem biologesch Nohaltegen Traiteur. Sou di Zoustänneg dem Isabelle Schummers vum Ökozenter Pafendall.
Et si 45 Critèren am Ganzen, dovunner sinn der 14 obligatoresch. Den Organisateur den de Logo well ufroe fir säin Event, muss fir all di Critèren eng Erklärung derbäi schreiwen, wei di verschidde Critèren erfëllt gi.
Duerno maache mir eng individuell Berodung mam Organisateur, wou mer duerch di ganz Critèren nach eng Kéier ginn. A fir vill Critèren ze erfëlle muss den Organisateur och eis ee Beweis schécken.

Nieft Durabilitéit an Nohaltegkeet, goufen och Sujete wéi Inclusioun, Diversitéit an Accessibilitéit vu Business Evenementer thematiséiert. Zum Beispill soll ee gewëssen Degré un Diversitéit bei de  Gäscht vertruede sinn an och Leit mat enger Behënnerung soll mat de néidege Mëttel den Zougang zu den Evenementer erméiglecht ginn.
Wat sinn di ënnerscheede Besoinen, dass eben di Participanten och eng Méiglechkeet hunn dat dem Organisateur matzedeelen a kucken, op een do kann eng Ramp histellen oder Platzen an der éischter Rei reservéiere wann een am Rollstull ass. Oder zum Beispill ee PDF am Viraus geschéckt kréie vun der Konferenz wann een Heierschwieregkeeten huet.
 Nieft dem offiziellen «Green Event» Logo fir Entreprisen, ginn uechter d’Land Formatiounen ugebueden, fir generell Interesséierter ze informéieren. Zejoert hu Veräiner a Gemengen beispillsweis schonn 34 Evenementer mam sougenannten Green Events-Logo organiséiert.