
© Mike Fandel
De Moien am Wecker war den RTL-Reporter an der Schwämm. Och déi musse mat der Zäit goen, an et ginn ëmmer méi néi Aktivitéiten ugebueden, och de Gerant vun der Escher Schwämm, de Mike Fandel weess dat ganz genau.
Am zweete Reporter Update treffe mer de Mike Fandel erëm, a kucke wéi sech d’Schwämmen op Nofro vum Public verännert hunn a sech och weiderhi veränneren, mat néien Installatiounen, Offeren, Cour’en, vu Yoga bis Spinning, awer och ganz néi Saachen, wéi Waasser Pole Dancing. De Christopher Fatigati de grad d’Vëloe preparéiert, erkläert nach weider Aktivitéiten a Cour’en vum Schwammmeeschter.
Schwamme léieren, Energie spueren, de Beruff vum Schwammmeeschter oder Baby Schwammen, alleguerten d’Reportagë ronderëm d’Schwamme vun Haut, kënnt der nach emol op radio.rtl.lu no lauschteren.
https://lesbainsduparc.esch.lu/