
© bdm.lu
Et war emol eng Kéier eng lëschteg Equipe, déi sech all Woch an engem Wiertshaus op der Uelzecht getraff huet fir ze drénken, z'iessen, sech z'amuséieren an natierlech eng helle Wull u Gesellschaftsspiller ze spillen. Mä dunn huet d'Schicksal zougeschloen. De Proprietär huet gewiesselt an där lëschteger Equipe ass d'Laache vergaangen. Si hu missen eraus. Aus der Freed ass Verdrësslechkeet ginn, oder awer net?
Zur selwechter Zäit koum hinnen eng Iddie: firwat net en eegene Café opmaachen? Dee Plang huet sech konkretiséiert nodeems déi richteg Platz bis fonnt war. No laanger Aarbecht freet sech déi lëschteg Equipe fir hir Soiréeën erëm opzehuelen. Natierlech ass och all Mënsch wëllkomm, fir matzemaachen. D'Jacqueline Poupart erkläert eis d'Konzept:
De Café dee gëtt et elo ongeféier e Joer an en ass baséiert op zwee grousse Voleten. Dat eent sinn déi 1200 Brietspiller a 400 Puzzlen déi mer hunn, déi kënnen d'Leit da spillen oder si kënnen se och ausléinen. den zweete grousse Volet sinn eis Eventer déi mer organiséieren, dat geet vun Krimi-Dinner iwwer Pub-Quiz, Role playing Games wéi Dungeon and Dragons, bis hin zu eisem Escape-Room an d'Leit kënnen och de Café ausléine fir Gebuertsdeeg, fir Kannergebuertsdeeg oder soss iergend en Event deen si wëllen organiséieren, dat ass kee Problem.

© bdm.lu
Zanter d'Léift zum Spill an de leschten dräi Joer nees gewuess ass, an d'Leit och nees méi ënnerhuele fir sech ze gesinn an Zäit mateneen ze verbréngen, kommen d'Minettsdäpp an d'Spill. Wat gëtt dann am meeschten aus dem Regal vun der Spill-Bibliothéik geholl?
D'Klassiker ginn ëmmer erëm gäre gespillt, sief dat elo Rummikub oder Jenga, awer och déi nei Spiller wéi elo de Cascadia gëtt gäre gespillt, Mikro-Makro, net ze vergiessen och d'Kannerspiller wéi de Labyrinth oder den Zauberberg déi oft a gäre gespillt ginn.
Den Numm vum Brietspillcafé - bei de Minettsdäpp war séier fonnt, net nëmme well d'Proprietaire vun do kommen, ma well en och wéi d'Däpp bei d'Spill passt.
De Brietspillcafé ass 4 Deeg an der Woch op, vun Donneschdes bis Sonndes a fir d'Ëffnungszäite kuckt der am beschten op hirem Site:
Boardgamecafe Bei de Minettsdäpp

© bdm.lu