
© pixabay.com
Den 2.2. war den Dag vun de Fiichtgebidder, déi immens wichteg Bestanddeeler vun eisem Ökosystem sinn. An deene leschte Jore sinn der allerdéngs ëmmer méi vun der Bildfläch verschwonnen besser gesot ausgedréchent. Sou och hei zu Lëtzebuerg, wou zanter de 60er Joren 80% vun de Fiichtgebidder verluer gaange sinn. Firwat se verschwannen, firwat hiert Ausdréchne fatal Konsequenze fir eis Ëmwelt huet a villes méi, wollte mir vum Alexandra Arendt vun der a.s.b.l. Natur & Ëmwelt wëssen.
Mä der Rei no: Wat ass am Fong e Fiichtgebitt?
E Fiichtgebitt ass do wou Waasser aus dem Buedem dréckt, fléisst oder och stoe bleift. Et ass ëmmer de Kontakt [tëschent] Waasser a Buedem, dee ganz intensiv an no ass an och laang. Et ass net just e Moment, wou Waasser kënnt an da rëm fort ass. Et gesäit een et dorunner, dass sech eben och speziell Planzen op dem Buedem usidelen.
Dobäi muss een tëschent ënnerschiddlechen Aarte vu Fiichtgebidder ënnerscheeden, wéi zum Beispill Quellen, Baachen, Dëmpelen, Moueren oder Schilf. Si zeechne sech duerch eng immens Biodiversitéit aus a sinn a villen Hisiichte wichteg fir Mënsch, Déier an Natur.
Duerch déi enk Verzahnung tëschent Planzen a Waasser entsteet och eng ganz grouss Filterfunktioun, dat heescht Fiichtgebidder spillen eng ganz wichteg Roll, net nëmme fir Déieren awer och fir Mënschen an der Verbesserung vun der Waasserqualitéit, well se eben duerch d’Wuerzelen Närstoffer rausspillen. Zum Beispill Auenbëscher oder Schilfgebidder hunn eng enorm grouss Filterkapazitéit. An da wësse mir och, dass Fiichtgebidder eng extrem wichteg Roll am Héichwaasserschutz spillen. Si hale Waasser zeréck mat de Wuerzelen, si bremsen also den Offloss vum Waasser wann et duerch d’Landschaft geet a si wierken als Puffer. Dat Bild kenne mer zum Beispill vum Réiserbann oder vum Mensder Brill, wou och Fiichtgebidder sinn.
An och am Kampf géint de Klimawandel erweise sech Fiichtgebidder, besonnesch Moueren, als effizient Mëttel. Obwuel se weltwäit nëmme 5-8% vun der Landfläch ausmaachen, späichere Fiichtgebidder méi wéi een Drëttel vum CO2 an, sou d’Alexandra Arendt weider.
Datt Lëtzebuerg an de leschte Joerzéngten e groussen Undeel vu senge Fiichtgebidder verluer huet, huet nieft dem Klimawandel och nach aner Grënn:
Grënn dofir sinn natierlech déi wuessend Populatioun mat der Ausdeenung vun de Siidlungs- a Verkéiersflächen, wou och Fläche versigelt ginn. Dann d’Verstädterung am ländleche Beräich, wou dann och d’Landwirtschaft méi intensiv ginn ass. Do fannen da Verännerunge vum Waasser-Haushalt statt, sou dass Gewässer duerch Réier geluecht ginn, méi déif geluecht ginn, d’Grondwaasser doduerch ofgesonk gëtt, dass Waasser verschmotzt gëtt an dass dee ganzen natierleche Prozess, dee mer a Fiichtgebidder hunn eben op déi Aart a Weis verluer geet.
Fir d’Fiichtgebidder besser ze schützen an hiert Ausdréchnen ze verhënneren, goufe vill Initiativen an d’Liewe geruff, ënner anerem d’Ramsar-Ofkommes aus dem Joer 1971, deem seng Deliberatioun all Joer den 2. Februar mam Weltdag vun de Fiichtgebidder gefeiert gëtt. Op nationalem Niveau goufen dann och am Naturschutzgesetz déi eenzel Fiichtgebidder hei am Land festgehalen an ënner besonnesche Schutz gestallt. Mä och ONG’en, wéi zum Beispill d’Fondatioun Natur & Ëmwelt, fir déi d’Alexandra Arendt schafft, probéiere Fiichtgebitter ze protegéieren an z’erhalen.