
Gëtt een fäerdeg als Dokter, huet een de Choix. Entweder et mécht ee seng eegen Praxis op an et schafft een net am Spidol. Et mécht een seng Praxis op, an et schafft een als Liberalen fir d‘Spidol oder et ass een direkt an der Klinik als Dokter ugestallt. D‘Aarbecht an de Spideeler uechtert d‘Land ass awer essentiell fir eist Gesondheetssystem an et bréngt och vill Virdeeler mat sech. Net nëmmen fir d‘Personal, ma och fir de Patient.
Als Dokter an enger Klinik muss een säin Dag gutt getimed hunn, ma och beim beschten Zäitmanagement kommen ëmmer nees Imprévuen dobäi. Dat wier awer eppes mat deem ee léiert ëmzegoen an dat zum Beruff dozou gehéiert, soss giff een en net maachen. Hinnen wier wichteg, fir sech sou gutt et geet ëm hir Patienten ze këmmeren an dat heescht dann eben och a Kaf ze huelen, dass d'Deeg mol méi laang sinn, wéi en gewéinlechen 8 Stonnen Dag.
"Mir hunn effektiv ganz onreegelméisseg Schaffzäiten. Et sinn Deeg, do si mir 15 Stonnen um Jumm, aner Deeg ass et vill méi roueg. Also et muss ee schonn eng grouss Flexibilitéit hunn an eng Famill, déi Verständnis dofir huet."
"Natierlech de Faite, dass een an der Klinik schafft, huet een manner d'Méiglechkeet alles viraus ze gesinn. Well d^Patienten, déi an der Sprechstonn sinn. Bon, dat ass plus ou moins virauszegesinn. Ech soen: "Plus ou moins", well wann ech moies ukommen an ech gi bei Sekretärinnen an da soen si mir, dass 2-3 Patienten ugeruff hunn, deenen et net geet a wou ech da muss kucken, kann ech se séier ginn oder net."
Ma dat wier awer eppes, wou all Dokter domadder ze schaffen hätt. Wat fir si am Spidol grad awer esou intressant wier, ass dass een direkt op enger Plaz all Ressourcen versammelt huet an een esou dem Patient, déi beschtméiglech Versuergung kann ubidden. Dofir ass eng optimal Zesummenaarbecht vun allen Bedeelegten, ob elo Dokter, Infirmièren oder administrativen Staff, essentiell.