
© Vénissia Kay
Wien huet en net, den Dram vun den eegene 4 Wänn? An dësen Zäiten guer net esou einfach! Den RTL Reporter huet sech alternativ Forme fir ze wunnen ugekuckt. Fir unzefänken awer och nei Forme fir nohalteg ze bauen. Op der Uni gëtt vill an déi Richtung gefuerscht, an et gouf mat der «Petite Maison » um Campus Belval och e Prototyp gebaut.
Um Parking virum Haaptgebai vun der Uni um Belval, hunn d’Architektin Carole Schmit vun der Uni an hiren Architektur-Student Dragos Ghioca fir Esch 2022 « la petite maison » gebaut. Duerch dëst klengt Haus kréie mer gewise wéi mer an Zukunft kéinte méi nohalteg bauen an eis Ressourcë schounen
Hei fannt Dir e weidere Web Reportage mat Reaktioune vun Industrie an Visiteuren.

© Vénissia Kay

© Vénissia Kay

© Vénissia Kay