De Sänger a Frontmann vun Triggerfinger Ruben Block huet viru kuerzem eng Solokarriär gestart. Den 30. September d'lescht Joer ass säin éischten Soloalbum “ Looking to Glide” eraus komm. De Pit Pixius huet eragelauschtert a sech mam Rocker iwwert seng Musek a Karriär ënnerhalen.

09/11/2022 Ruben Block Solo Album "Looking to Glide"

Verzerrte Gittaren an e knackege Rhythmus gëtt et um éischten Track “Turning on a Fan” op d’Oueren. D’ Iddi fir eppes eegenes eraus ze bréngen hat de Ruben scho méi laang am Kapp. Verloossen wäert en d’Band Triggerfinger mat der e bekannt ginn ass sécher net, ma et gëtt Grënn firwat de Ruben elo och säin eegene Wee gesicht huet :

IW Ruben Block - ideas for solo album

D’Material wat de Kader vun der Band Triggerfinger gesprengt huet huet de Ruben gehal an elo dann zum Album Looking to Glide zesumme gesat.  De Produzent Mitchell Froom huet sech ugebueden fir dem Ruben bei der Produktioun vu sengem éischten eegenen Album eng Hand mat un ze packen. Vun der Iddi bis zum fäerdegen Album huet et awer e bësse gedauert :

IW Ruben Block - start of production

Zesumme mam Mitchel Froom ass de Ruben ass mat oppenem Esprit un d'Kreatioun vu sengem éischten eegenen Debutalbum eru gaangen :

IW Ruben Block - what will the album be

Seng Stëmm ass awer net dat eenzegt wat de Ruben um Soloalbum anescht asetzt. Am allgemenge geet et um Debutalbum queesch duerch de Gaart. Vill elektronesch Elementer sinn zum Asaz komm. Verschidde Songs sinn ganz am Stil vun Poprock, aner Songs si mi roueg, bal e bësse melancholësch.

Fir den Album ënnert anerem wärend der Pandemie ze schreiwen ass de Ruben ëmmer erëm tëscht Europa an Amerika gependelt. Dës Situatioun hat och en Afloss op de Prozess vum schreiwen an de Sound vum Album :

IW Ruben Block - no fancy stuff

D'Lidder um Album hunn all eng eege Geschicht seet eis de Rocker :

IW Ruben Block - process of writing songs

Um Schluss ass dann awer alles esou gaange wéi de Ruben sech et gewënscht huet :

IW Ruben Block - happy with album

Elo ouni Triggerfinger op der Bün ze stoen ass fir de Ruben eng nei Aventure. En ass natierlech frou, ma heinsdo sinn et awer gemëschte Gefiller :

IW Ruben Block - Exciting and scary

Den 18ten Februar stellt de Ruben säi Soloalbum hei zu Lëtzebuerg an de Rotondes vir. E Concert op deen e sech freet :

IW Ruben Block - likes luxembourg

Rendez-vous also den 18. Februar mam Ruben Block an de Rotondes.

Hei nach eng waarm Erënnerung vum Ruben un de Rock-A-Field deemools um Herschesfeld :

09/11/2022 Interview Ruben Block - Experience in RAF