Orthographie ass net méi gefrot, schéngt et. Korrekt schreiwen ass haut net méi esou wichteg, wéi dat fréier mol war. Mir schreiwen dat meescht op eisem Computer. An do huet ee jo e Korrekturprogramm. Noriichten, déi per Handy verschéckt ginn, bestinn dacks aus Ofkierzungen. Méi wichteg wéi d’Grammatik ass hei de Sënn. An dach sollt ee korrekt schreiwen, wann et drop ukënnt, mengt de Guy Seyler am Apropos vun haut.

26/03/2023 Apropos Orthographie

Zu menger Zäit am Kolléisch huet e grammatikalesche  Feeler 3 Punkte kascht. Ech konnt den Accord vum participe passé. An ech wosst och, datt, wann een „nämlich“ mat h schreift, een „dämlich“ ass. Wann ech awer zu Tréier an der Bäckerei „eine Achtchen“ bestallt hunn, an d’Fra hannert der Théik gelaacht huet, da wosst ech, datt d’Orthographie net alles ass.

Am éischte Schouljoer schreiwen d‘Kanner d’Wierder esou, wéi si se héieren.  D’Freed um Schreiwen soll dominéieren a gefërdert ginn. De roude Bic géif do stéieren an decouragéieren.

Eis Kanner léieren also direkt, datt richteg schreiwen net dat Allerwichtegst ass.

Ech wiere mech net géint dës Tendenz. Datt d’Léierpersonal an de Schoulen eng korrekt Schreifweis beherrscht, schéngt mir awer méi wéi evident.

An do hunn e puer Aussoen vu besuergten Eltere mech kierzlech schockéiert.

„Mengem Jong seng Léierpersoun schreift „trois“ ëmmer mat x hannen“,  krut ech gezielt.

„Mengem Meedchen seng Joffer schreift „eins“ mat z“.

An enger anerer Schoul stoung en Text iwwer d’Urzäit an d’Urmënschen un der Tafel. Datt Ur hei net mat H geschriwwe gëtt, dovu war d’Quereinsteigerin nëmme schwéier ze iwwerzeegen.

Sech mëndlech ausdrécke kënnen, eng Sprooch schwätze kënnen, ass sécherlech méi wichteg wéi d’Orthographie. Trotzdeem ass e gesond Basiswëssen awer nach ëmmer eng gutt Viraussetzung.

E Feeler schreiwen, dat kënnt jidderengem mol vir. Wann awer eng Demande oder e Curriculum voller Feeler ass, mécht dat net dee beschten Androck

Richteg schreiwen ass en Deel vun eiser Kultur. Och wann et net déi allerhéchste Prioritéit ass.