Mat enger Alarmanlag wëll ee sech a seng Propretéit schützen a souguer d'Police réit Privatleit sech sou eng Sécherung unzeschafen. Mä wéi ass et wann d'Déif eng Kéier bis laanscht kommen an d'Alarmanlag ass aus. Kënnt dann eng Assurance iwwerhaapt fir de Schued deen entstanen ass op, a muss ech der Assurance uginn dass ech eng Alarmanlag hunn? Mir hunn eisen Affekot Jean-Jacques Schonckert gefrot.

21/02/2023 Fro un den Affekot (Alarmanlagen)

Steet dat iergendwou kleng gedréckt an de Paperassen oder ass dat just eng Legend?

21/02/23 Fro den Affekot: Alarmanlag CUT 1

"D’Legend ass déi heiten, datt ee muss géint de Vol assuréiert sinn. Et ass keng obligatoresch Assurance, vum Gesetz aus. Dat ass mol dat éischt. Dat zweet ass awer, wann der eng "assurance de vol et cambriolage" hutt, da musst der Iech selwer schützen. Dat heescht, et muss een alles maachen, datt mäin Eegentum geschützt ass. Ech dierf keng Fënsteren oploossen, keng Dieren oploossen an och net op de Résaue publizéieren, datt ech formidabel an der Vakanz sinn an datt mäi Schlëssel ënnert der Matt läit. An da soll een och säin eegene Schued kléng halen. Do kann dann eng Assurance soen, datt ee selwer zu sengem Schued bäigedroen huet."

Hänkt dat dann net vun der Assurance of?

21/02/23 Fro den Affekot: Alarmanlag CUT 2

"Elo ginn et spezifesch Assurancen, déi soen, datt een esou vill Saache mat engem héije Wäert huet, datt ee muss eng Alarmanlag hunn. Dat heescht eng Alarmanlag ass awer net obligatoresch. Wann ech dann awer eng hunn, muss ech an de "conditions particulières" kucken, wat ech do ënnerschreiwen. Wann do nämlech steet, dat d’Alarmanlag muss funktionéieren, dann huet se och ze funktionéieren. Dat heescht et muss een se aschalten, well sos spréngt d’Assurance villäicht net an."

Wéi ass et wann ech den Auto net zouspären an et brécht een ganz einfach dran an?

21/02/23 Fro den Affekot: Alarmanlag CUT 3

"Selwechte Prinzip. Wann ech selwer net oppassen, ass et net un engem anere fir, fir de Schued, bäi deem ech dozou bäigedroen hunn, fir dee ze bezuelen. Do passen d'Assurancen awer da schonn an dem Ament op. Et muss e beweisen, datt den Auto opgebrach ginn ass."

A wann ech Sécherheetskameraen ronderëm d'Dier hunn, hëllefen déi viru Geriicht?

21/02/23 Fro den Affekot: Alarmanlag CUT 4

"Wann ech esou eng Kamera hunn, muss se wéinst dem Dateschutz ugemellt sinn. Um Niveau penal ass et beweiskräfteg. Dat heescht do kann de Riichter soen, komm mir kucken eis dat un. Zivilméisseg gesinn, géif dat elo awer net esou zielen. Dat wier eppes aneres, mee strofrechtlech ass et relevant, well sos huet dat Ganzt jo och guer kee Sënn."