Egal wéi ee Fürerschäin ee maache wëll, et kënnt een net laanscht d'Fahrschoul. Net all Fürerschäin-Klass ass d'selwecht an och d'Ausbildung fir de Fahrlehrer, ass vu Fürerschäin zu Fürerschäin individuell.

29/03/2023 Motorrad: de Fürerschäin

Am allgemengen ass et dacks stresseg, awer och spannend, mee awer och emotional wann een endlech de Fürerschäin mécht. Beim Moto allerdéngs, kënnt nach e gewëssene Respekt mat dobäi. De Fahrlehrer Tim Wagner vun der Farschoul Wallheimer erkläert eis ewéi hie senge Schüler erkläert, wéi ee säi Moto am beschten no der Wanterpaus soll preparéieren?

"Als éischt préiwen ech meng Maschinn éiert ech op d'Strooss ginn, dozou gehéiert och de Moto ze botzen. Nëmmen esou erkennen ech op eppes net an der Rei ass. Flëssegkeete kontrolléieren ewéi de Motorueleg, d`Bremsflëssegkeet ewéi och d'Killflëssegkeet, a wann et muss sinn nofëllen. Bei der Elektronik do checke mir eis Luuchten, ewéi zum Beispill och de Schalter vum Stänner. D'Kette kontrolléiere mir, op se genuch gespaant ass an awer och genuch Spill huet. Do hale mir eis un d'Angabe vum Hiersteller. D'Kette schmieren och net vergiessen, dat maachen ech am beschten een Dag am viraus. D'Bremsscheiwen ewéi och d'Bremsbeläg mussen natierlech och an der Rei sinn. Een, wou sech natierlech elo guer net mat Bremsen auskennt, deem rode mir un, et vun enger Garage kontrolléieren ze loossen. De Loftdrock ewéi och de Profil vun de Pneue mussen natierlech och passen."

An d'Batterie net vergiessen, déi no där laanger Paus och eng Kontroll brauch. E ganz wichtegen Aspekt sinn d'Kleeder um Motorrad, déi een natierlech och an der Farschoul erkläert kritt, awer och un Hand vu manner schéine Situatioune gewise kritt firwat déi Ausrüstung sou wichteg ass.

"Mir roden de Leit och duerno un, wann se de Führerschäi gepackt hunn, weiderhin a kompletter Motorradskleedung ze fueren. Nëmmen esou sinn ech am Fall vun engem Accident komplett a richteg geschützt. D'Gréisst vun der Kleedung muss natierlech och di richteg sinn, se muss bei mech passen, dass Protektoren och wierklech op der richteger Plaz sinn. Et ass och net ze recommandéieren, sech mat deem aller bëllegsten ze equipéieren."

Wat brauch den zukünftege Motorradsfuerer dann nach, ausser déi richteg Kleeder?

"E gesonde Respekt virun der Maschinn ewéi och d'Motivatioun musse passen. De mentalen Zoustand vum Schüler muss natierlech och dee richtege sinn. Am beschte soll de Fuerschüler ëmmer ausgeschlof sinn, fir mam Kapp bei der Saach sinn. An da wäert de Spaass och net ze kuerz kommen."

RTL

© Auto-école Wallheimer