
© pixabay.com
No der Farschoul, Fit For Your Bike an der Police si mir nach ëmmer beim Thema Motorrad - lo fuere mir mam Moto an d`Vakanz.
Eng länger Rees mam Auto dierften déi meescht vun eis scho gemaach hunn. Eng laang Streck mam Motorrad fueren ass en anert Puer Schong. De Paul Schmit, Sekretär vum Moto-Club Lëtzebuerg, erzielt wéi et ass mam Moto an d'Vakanz ze fueren:
"Firwat ee mat engem Moto op d`Rees geet wou ee Gefor leeft, emol gutt naass a kal ze ginn oder ëmgedréint bei 30/35 Grad natierlech ouni Klimaanlag a senger Schutzkleedung esou gutt gegrillt ze ginn. Um Motorrad erlieft een eng Landschaft vill méi intensiv, et steet een am direkte Kontakt mat der Ëmwelt ech weess net op dir schonn op de Lofoten an Norwege waart, mee dat ass bei schéinem Wieder a bloem Himmel op engem Motorrad net nëmme schéi mee souguer grandios. Motorrad fueren huet definitiv bei schéinem Wieder seng Virdeeler, bei schlechtem Wieder awer och genau sou seng Nodeeler."
Wéi fillt et sech dann u mat engem Moto ze fueren?
"Ech hu gelies, datt gewësse Leit Moto fuere mat Fléie vergläichen, just ëmmer mat zwee Pneuen um Buedem. Ech kann dat elo net ganz bestätege well ech net fléie kann, mee de Verglach kéint stëmmen. Mam Moto beweegt ee sech ouni vun enger Mauer, Blech, Plastik oder Glas ëmginn ze sinn. Et fillt ee sech ganz sécher méi fräi. Do kënnt natierlech och d'Handlechkeet vun der Maschinn dobäi, dat kann een net mat engem Auto vergläichen. E Moto gëtt no enger Zäit a mat enger gewëssener Erfarung eng Zort "Extension" vu sengen eegenen zwee Been, iwwert déi ee sech genee ewéi wann een dobaussen trëppelt, sech keng Gedanke méi muss maachen. Et kann ee sech wierklech voll a ganz op d'Erliewen op d`Natur konzentréieren, a ganz wichteg dat Ganzt mat alle Sënner genéissen, also net nëmme mat kucken, mee och mat richen oder mat fillen. Dat dréit alles zu dem Ganze mat bäi."
Wéi kann ee sech da mam Virus "Motorrad" infizéieren?
"Et gi Leit déi vu klengem un di Passioun fir Technik a fir Motorrieder quasi mat an d'Wéi geluecht kruten. Di zweet Méiglechkeet, wann een zum Beispill iwwert eng Plaz geet wou vill Motorrieder stinn an et bleift een bei all zweet Maschinn pechen an et kënnt een net richteg vum Fleck, dann ass eng gewëssen Virbelaaschtung do. Wann een dann och nach ënnerwee all Kéiers sech ëmdréint wann e Motorradsfuerer laanscht fiert, also denken ech do ass een dann definitiv vun deem Motorrad-Virus befall. An da gëtt et och Zäit eppes dogéint ze maachen."
Et muss een sech awer och bewosst sinn, dass de Moto am allgemenge kee bëllegen Hobby ass. Dat fänkt scho bei de Kleeder un, do läit een dacks an engem Beräich tëschent 1.500 an 2.000 Euro. Dofir ass de Moto net einfach en Hobby, dat ee mol sou iwwert ee Summer ausprobéiert. Dat soll wierklech scho gutt iwwerluecht a laangfristeg sinn.

© Moto-Club Lëtzebuerg