Geschwënn fänkt d`Motorradssaison un an dat heescht datt nees vill Motorrieder "on the road" wäerte sinn. De Centre de Formation pour Conducteurs bitt ee Cours fir d'Biker u fir sech beschtméiglech op di nächst Saison ze preparéieren.

29/03/2023 Motorrad: Fit For Your Bike

Moto fueren ass eng Passioun, awer eng geféierlech. D`lescht Joer sinn eleng 8 Motocyclisten op eise Stroosse leie bliwwen, déi schwéier a liicht blesséiert net ze vergiessen. Fir dat an dësem Joer ze verhënneren, organiséiert de CFC, Centre de Formation pour Conducteurs, schonn déi 22. Editioun vu "Fit For Your Bike" un. Den Eric Mathias vum CFC.

"Fit For Your Bike" ass een Event fir eng Remise en forme vun de Motorradsfuerer ze maachen am Ufank vun der Motorradssaison. Dësen Event gëtt et scho säit 2001."

Dëse Cour ass iwwer 4 Deeg, ëmmer weekends am Mee virgesinn an dauert een hallwen Dag. Déi genee Datumer fann Dir  op Radio.RTL.lu. De Cours gëtt op Däitsch, Lëtzebuergesch oder Franséisch gehalen an den Entrée kascht 35 Euro pro Persoun. Wat genee gëtt gebueden?

"Op deem hallwen Dag ginn di elementar Sécherheetsmesurë rappelléiert, an och geüübt. Mir hunn 8 Atelieren, wou et ëm d`Bremsen, d`Bremsen an Auswäichen, Motorradssécherheetslinn fuere geet, a mir weisen och deen neien Atelier wou mir elo säit dem leschte Joer dobäi hunn, wou et ëm den doudege Wénkel geet a wou och ee grousse Camion steet fir dorobber opmierksam ze maachen. Et gëtt och een Checkup vum Moto gemaach, a mir hunn och en Atelier wou et em Sécherheetskleedung geet. A mir ginn och déi Deeg ënnerstëtzt vum ACL an der Police."


Wéi kënne sech d'Leit umellen?


"Also d'Leit kënnen sech op eiser Email Adress umellen op contact@cfc.lu oder einfach op eiser Internet Säit. Do ass et och nach emol méi am Detail erkläert op CFC.lu, do fënnt een och d'Email Adress."

Et sinn am ganze 400 Plazen do an deen éischten ass vir. Wat muss een deen Dag nach alles matbréngen?

"Wat ee virun allem muss matbréngen ass e Moto wou an engem techneschen Top Zoustand sech befanne soll, e gudde Profil un de Pneuen ewéi och eng gutt Motorradskleedung. Also Motorradsschong, Box, Jackett a Casque plus eben Hännercher. Op déi Saache leeë mir e grousse Wäert."

RTL

© Eric Mathias

Hei d'Datumer fir Fit For Your Bike

De Weekend vum 6./7. Mee an de Weekend vum 27./28. Mee.