De Stroosseverkéier ass eng Gemeinschaft. Eng Gemeinschaft mat Reegelen, soss géinge nach méi Accidenter geschéien. D'Motorrad gehéiert och an dës Gemeinschaft.

29/03/2023 Motorrad: mat der Police an déi nei Saison

All Joer bleiwe Motocycliste leien oder gi blesséiert, et ass gewosst datt et net ëmmer dem Motorradsfuerer seng Schold ass. An awer ass de Moto par Rapport zu engem Auto, Camion oder Bus Chauffer definitiv de Vulnerabelen. Genee dofir seet den André Schaack vun der Police op wat genee de Motosfuerer, ma och déi aner Chauffeuren oppasse soll.

"Besonnesch no der Wanter-Paus wou di allermeescht Motorradsfuerer jo net ënnerwee waren, ass een, an dat muss ee wëssen, net esou Fit ewéi elo zum Schluss vun der Motorradssaison, dat heescht et muss ee selwer oppassen, a selwer nees zu senger Übung zeréck fannen. Dofir ginn et jo och parallel eng ganz Partie Programmer déi offréiert ginn ewéi elo zum Beispill de "Fit for your Bike" wou eben d'Police och present ass. Et ass awer och wichteg datt déi aner Chaufferen op der Strooss sech och nees un de Moto musse gewinnen, an et ass net ëmmer ganz evident als Automobilist d'Vitess vun engem Motocyclist anzeschätzen, en plus huet de Moto méi eng schmuel Silhouette, a gëtt doduerch och manner oft gesinn. Dofir duebel oppassen zemools op de Kräizungen wou een d'Virfaart muss ofginn. An och oppassen wa wonnerschéint Wieder dobaussen da sinn immens vill Motorrieder ënnerwee."

Et kënnt awer och vir datt de Motosfuerer deenen anere Chaufferen op d'Strëmp geet. Zum Beispill: laanscht d'Autoe schläichen a sech dobäi net gutt oder guer net bemierkbar maachen, dat kann am schlëmmste Fall zu engem Accident féieren. Mä ass dat iwwerhaapt erlaabt?

"De Motorradsfuerer huet keng Knauschtzon dat heescht e muss nach méi defensiv fueren ewéi elo di aner Chaufferen, e muss souguer dacks fir deen aneren matdenken. Dat setzt viraus datt een op seng Vitess oppassen soll, et ass nach ëmmer verbueden bei der rouder Luucht sech laanscht de Stau ze schlängelen et ass nach ëmmer verbueden op der Autobunn duerch d'Mëtt ze fueren virun allem dat hin an hir, lénks riets vun enger Pist op di aner ze wiesselen ass net nëmmen verbrueden et ass och nach immens geféierlech."

Iert et elo offiziell mat der Motorradssaison nees lass geet; dëse Message vum André Schaack:

"Am allgemenge ginn mir als Tipp eben eraus dat jidderee soll oppassen, mir schwätzen vun der "Vision Zero" mir géingen am léifsten d'Zuele vun den Verkéiersaccidenter erofdrécken. An do muss all Persoun säi Beitrag ginn an och eben de Motorradsfuerer. An dat ass dee Message dee mir weider wëlle ginn an och datt de Respekt ee vis-à-vis vun deem aneren do ass."

Och d'Police fänkt am Abrëll mat hirer Motorrads-Campage un an där Si bewosst de Motorradsfuerer op Gefore sensibiliséiere wëll, mä och op den techneschen Zoustand vun der Maschinn agoen:

"Fir am allgemengen op d'Geforen opmierksam ze maachen fänkt ëm Ouschteren eis Motorrads-Campage un. Dat heescht mir ginn dacks eng ganz Partie präventiv Message mä mir sinn och repressiv ënnerwee. An zemools an der nërdlecher Hallschent vun eisem Ländchen hu mir immens vill an och schwéier Motorrads-Verkéier Accidenter. An deem Kontext maache mir eben op d'Geforen opmierksam net nëmmen aus der Siicht vum Motorradsfuerer mee aus der Siicht vum normalen Automobilist, datt ee soll drun denken datt elo bei deem schéine Wieder eben nees ganz vill Motorrieder wäerten ënnerwee sinn."

RTL

© 5minutes