Féiwer, Houscht, Hals-, Glidder- a Kappwéi sinn déi éischt Unzeeche vun enger Gripp. Dacks kommen och nach Symptomer wéi Schwächt, Schweessausbréch, Iwwelzegkeet oder Duerchfall derbäi. Och eisen Ausseminister ass den Ament gepaakt a läit mam Influenza-A Virus am Spidol.

28/02/2023 D'Grippesaison ass nach net eriwwer

Déi richteg Gripp, och Influenza genannt, kënnt et an der kaler Joreszäit als Wellen mat ënnerschiddlecher Ausbreedung an och permanent neie Varianten. Dowéinst gëtt och den Influenza Virus all Joers op en Neits ugepasst. Dr. Marc Keipes, aus den Hôpitaux Robert Schuman, wat genee weess een dann elo iwwert deen Influenza A Virus?

Influenza A a B sinn déi haaptsächlech Grippeviren, déi all Joers an eisem Wanter hei ronderëm graséieren, dogéint gëtt et jo och eng Impfung, wou esouguer véier verschidden Stoffer dra sinn géint déi bestëmmt Typpen A a B. Déi ginn all Joer erausgesicht unhand wat an der Südhallefkugel ass, déi hu jo hire Wanter 6 Méint virdrun oder och 6 Méint dono a jee nodeem wat fir eng Viren sech do getommelt hunn, sicht d'WHO ebe fir den Impfstoff déi Souchen eraus, déi d'nächst Joer an den Impfstoff dra solle kommen.      

Wie muss dann elo besonnesch gutt op sech oppassen?

Déi méi eeler Leit, oder Leit mat chroneschen Erkrankungen, Longenerkrankungen, Niereninsuffizienz, Zockerkrankheet, oder eben déi ganz jonk, d'Kanner, déi sinn och e bësse méi sensibel fir méi krank ze ginn dovunner, dat weist sech haaptsächlech an enger Zort Longenentzündung, änlech wéi beim Covid, wann d'Longen de Sauerstoff net méi esou gutt transportéieren, da kritt een e Problem.  

An der Woch vum 13te bis den 19te Februar gouf et mat enger Augmentatioun vun 0,8% hei zu Lëtzebuerg 240 registréiert Fäll. Ass eisen Immunsystem dann net duerch déi lescht Joren elo zousätzlech geschwächt?

Et gouf effektiv elo zwee Joer laang keng gréisser Grippenepidemien, well déi Masken eben och gutt géint déi Vire schützen, net nëmme géint de Covid. Et ass éischter esou dass eben elo d'Leit däers Ganzen e bësse midd sinn, mir hate lescht Joer am Fréijoer schonn a Portugal esou eng Epidemie vu Grippe esoubal d'Leit d'Masken ofgeluecht hunn, mir hunn all Joers Grippeninfektiounen, dat ass net nei, a mir hunn all Joers Leit mat Gripp och am Spidol.      

Zousätzlech zu der järlecher Grippe-Impfung sinn och weider Mesuren ze recommandéieren fir d'Ustiechungsgefor ze verréngeren, dozou gehéiert natierlech Ofstand halen an och reegelméissegt Hännwäschen.

RTL

© pixabay