
© METAFORM - Steve Troes
Helix gouf dat néit Gebai gedeeft, och wéinst der riseger Wendeltrap, déi am neie Siège vun der Post, déi 9 Etage ganz oppe matenee verbënnt. Grouss, effizient, praktesch an nohalteg ass en, den neie grousse futuristeschen Architekturprojet op der bekannter Plaz vis-à-vis vun der Gare. Et ass schonn dat 5. Gebai vum zweetgréissten Employeur vum Land do am Quartier. Den RTL-Reporter huet sech dat Ganzt emol méi genee ugekuckt a wollt och vu sengen Interviewpartner wëssen, wéi et dann elo ass do an dem innovativen neie Gebai ze schaffen ?
16032023RTLReporter-PostHelixGebai 6h20 Teaser
Vum Foyer, iwwert de Café an d’Technik bis op d’Panorama Terrasse vun der grousser Kantin, kréie mer haut dat neit Helix Gebai op der Gare gewisen, an der nächster Stonn fänke mer d'Visitt ënnen am Foyer un, wou ënner aneren en architektonesche Lüster hänkt.
Am meeschte gelies