
© Paul Rausch
Dat lescht Joer hu ronn 4500 Leit hei zu Lëtzebuerg bei der Post geschafft, dat mécht se zum zweetgréissten Employeur hei zu Lëtzebuerg, hannert hirem Noper den CFL dofir brauch ee schonn e flotte Siège. Dat Gebai, wat Helix gedeeft gouf, ass elo fäerdeg, an et si scho ganz vill Leit era geplënnert fir do ze schaffen. Den RTL Reporter gouf invitéiert fir sech dat neit Gebai fir eis méi genee unzekucken, an d’Visitt goung am grousse Foyer lass, wou den Dan Vinkowski vun der §Directrice vun de Relations publiques empfaange gouf…
Um Rez-de-Chaussée gi mer vum Isabelle Faber empfaangen. Si këmmert sech hei ëm d’Kommunikatioun an d’Ressource Humaines an erkläert eis déi laang Traditioun vun der Post hei op der Gare, wéi d’Konzept vum Gebai opgebaut ass, d’Konscht am Foyer a wéi dës Architektur de Co-Working hei ënnerstëtzt a wéi d'Gebai dobäi hëlleft de Garer Quartier ze valoriséieren.
Am Foyer hänkt och e ganz spezielle Konscht-Lüster, wann der doriwwer wëllt méi gewuer ginn, da lauschtert eise Web Reportage.
https://5minutes.rtl.lu/actu/luxembourg/a/2039199.html

© METAFORM - Steve Troes

© METAFORM - Steve Troes