
Esou kuerz virun der Ouschtervakanz ass déi grouss Botz e groussen Thema, bei villen doheem an och beim RTL-Reporter. Den Dan Vinkowski war um Depart vun der grousser Botz zu Esch-Uelzecht, an do hunn sech vill fräiwëlleg Hänn scho ganz fréi mam RTL-Reporter op der Stadhausplaz getraff, wou et mol fir d’éischt e gudde Kaffi an dat richtegt Geschier gouf...
Virun der Esch Gemeng op der grousser Plaz treffe sech d'Organisateuren, de Service Hygiène mat de Camionen, vill Fräiwëlleger och mat hire Kanner a Politiker fir e Kaffi an e Croissant. Duerno gëtt d’Material verdeelt an déi verschidde Gruppe vun 9 bis 10 Leit an déi eenzel Quartieren opgedeelt, och d’Ëmweltministesch mécht mat.
Méi vun eiser Ëmweltministesch, dem Joëlle Welfring an den Organisateuren héiert der an engem Web Reportage.

