Den RTL-Reporter war virun enger Zäit bei der grousser Botz zu Esch/Uelzecht ënnerwee. A wann d’Equippen aus allen Himmelsrichtungen erëm virun der Gemeng ukommen, da kréien se e klenge Kaddo, eng gutt Zopp vun de Scouten a weisen dem Dan Vinkowski och wéi vill Camionnettë voll mat Dréckstuten se gesammelt hunn.

31032023RTLReporter-GroussBotzEsch 10h40 Radio

Zum Ofschloss treffen sech all d’Equipe erëm virun der Gemeng a gi mat engem gudden Ierzebulli vun de Scoute belount. Mam Service Hygiène maache mer de Bilan, wéi vill Dréck gesammelt gouf. Mat den Organisateure schwätze mer iwwert d’Wichtegkeet vun dëser Aktioun, awer och vill Leit vun no a wäit erzielen eis wat se alles esou fonnt hunn, a wéi wichteg et hinnen ass mat ze botzen.

An engem Web Reportage héiert der de Bilan vun offizieller Säit a firwat eng Equipe extra aus der Belsch ugereest war, fir hei zu Esch mat ze botzen.

RTL
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL