
© pixabay
An éischter Linn sollt een op eng gesond Ernierung oppassen, vill frëscht Uebst a Geméis versuergen de Kierper mat den néidege Vitaminnen a Mineralien a stäerken eis Ofwierkraft. Et gëtt och ugeholl dass et en direkten Zesummenhang tëscht engem gesonden Daarm an engem gesonden Immunsystem gëtt, well e groussen Deel vun den Zellen, déi Antikierper bilden, am Daarm sinn. Wat kann een dann elo maache fir méi robust ze ginn an den Immunsystem ze stäerken? Dr. Marc Keipes aus den Hôpitaux Robert Schuman:
Eigentlech sinn déi Tuyaue fir e gudden Immunsystem ze kréien, genee déi selwecht, wéi fir eng gutt Gesondheet tout court. Et gëtt keng Wonnermëttel fir dat z'erreechen, wann een net déi heite reegele behäerzegt: An éischter Linn - net fëmmen! D'Schläimhaut ass am Wanter scho gereizt duerch déi waarm, dréche Loft an den Tubak, dee mécht se da méi duerchlässeg fir d'Mikroben. Dann ass och eng gutt Hygiène wichteg, wann d'Mamm fréier sot -wäscht d'Hänn iert der iesse gitt, wosst se firwat, an och dass 5 Portiounen Uebst a Geméis genee esou wichteg fir eisen Immunsystem sinn, wéi fir de Rescht vun der Gesondheet.
Genee well d'Schläimhaut méi dréchen ass, recommandéiert et sech och am Wanter vill ze drénken, Waasser wuelgemierkt. 2 Liter sollen et scho sinn, och wann d'Duuschtgefill méi kleng ass wéi am Summer. De Kierper brauch Vitaminn D fir eng intakt Ofwier. En Deel kënnt iwwert d'Iessen, de Rescht kréie mer awer vun der Sonn, dofir ass et wichteg an d'frësch Loft ze goen.
Genuch Beweegung an esou mann Stress wéi méiglech, dat ass zwar méi einfach gesot wéi gemaach, mee dat bréngt awer eng Verbesserung vum Immunsystem. D'Sauna gëllt zwar net als Sport, mee kann awer trotzdeem och eng Verbesserung bréngen. Genuch Schlof hëlleft eventuell och nach e bësselchen. Ongeféier 7 Stonne wär den Optimum fir e gesonden Immunsystem.
Et heescht da wuel och net fir näischt, dass Schlof mat déi beschte Medezin ass. Wärend dem Schlof huet de Kierper déi beschte Méiglechkeet fir ze regeneréieren. Impfungen hëllefen a Situatioune wou den Immunsystem e bësse schwächelt, wéi bei eelere Leit, schwangeren oder Leit mat chroneschen Erkrankungen.

© pixabay