Zu Gréiwemaacher kann een e ganz besonnesche Patrimoine kenneléieren, dee vun der Imprimerie. Am digitalen Zäitalter vergësst ee séier, wat eng revolutionär a wichteg Erfindung d'Dréckerei duerstellt. De Musée am Kulturhuef setzt sech dofir an datt dat net vergiess gëtt. Dëse Weekend lueden se op hier Porte Ouverte an.

17/03/2023 Kulturhuef Porte Ouverte

Zanter méi wéi 20 Joer erneiert an erweidert de Musée déi zwou Expositiounen iwwer Spillkaarten an der Geschicht vun der Dréckerei. Tëscht den ale Maschinnen, Bicher an Tënt fënnt ee vun e Samschden un dann och véier fuschnei an interaktiv Statiounen. Hei kann ee sech per Touchscreen mat ale Lëtzebuerger Imprimerien vertraut maachen oder léieren wat e Klischee ass, a wou de Begrëff hierkënnt. An engem aneren Deel kann een an der Geschicht zeréckbliederen, wéi d'Célia Turmes vum Kulturhuef erkläert :

Hei op dëser Statioun hu mer en Abléck an d'eluxemburgensia. Hei kritt een e Bléck an d'Archiven vun der BNL an et kann een zum Beispill Zäitschrëften duerchforste vu Lëtzebuerg. Et kann een bis zu 2 Joerhonnerten zeréck goen.

Op enger anerer Statioun gëtt en ale Beruff aus der Imprimerie nei opliewe gelooss :

Handsetzer war e Beruff deen et haut leider net méi gëtt wou d'Aarbechter déi eenzel Buschtawen hu misste setze fir ganz Sätz a Säiten kënnen ze drécken. Hei kann all Visiteur sech als Handsetzer probéieren a kucken op een e gudden Handsetzer gewiescht wier.

D'Maschinne mat deenen d'Handsetzer deemools geschafft hu fënnt een natierlech och am Musée. D'Imprimanten ginn awer net just dréchen ausgestallt, de Vizepresident vum Kulturhuef Jean Reitz :

Mer versichen awer och nach domadder ze schaffen an do kënnt nees eng Kéier déi Kënschtleresidenz an d'Spill wou et drëm geet mat de Kënschtler op deenen ale Maschinne kreativ ze ginn. Dat heescht am Fong Kreativitéit kombinéiere mat Patrimoine vu gëschter.

D'Wierker déi d'Artisten mat de Presse schafe ginn dann am Musée an säit Kuerzem och op enger Kënschtlerpromenade ausgestallt erkläert d'Vanessa Biersbach :

Dat ass fir eis Kënschtlerresidenzen och ausserhalb vum Musée visibel ze maachen. Dat sinn 10 Panneauen déi gi vun der Schwemm zu Gréiwemaacher bis bei d'Entrée vum Kulturhuef. Do gesäit een d'Biller aus der leschter Kënschtlerresidenz, an dësem Fall mam Néckel Scholtus.

Op der Porte Ouverte dëse Weekend gëtt och eng Visite guidée mam Néckel Scholtus ugebueden. Rendez-vous muer an iwwermuer am Kulturhuef zu Gréiwemaacher. De Programm ass gutt gefëllt, mat enger sëllege Workshops an Atelieren, bei deenen een en Abléck an d'Welt vun der aler Imprimerie kritt. Weider Informatiounen iwwert de Kulturhuef an d'Porte Ouverte fannt der natierlech op eisem Site : radio.rtl.lu