
© PADEM
Och wann d'Waasser essentiel fir d'Liewen an d'Iwwerliewe vun eis Mënschen ass, sou ass den Zougang zu dëser natierlecher Ressource nach ëmmer net fir jiddereen op der Welt dee selwechten. Eleng an Afrika an an Asien, ginn et ronn 2,2 Milliarde Leit, déi kee proppert Waasser hunn. Haut um Weltwaasserdag kucke mer wéi et mat der Disponibilitéit weltwäit ausgesäit.
Den 28. Juli 2010 war e wichtege Meilesteen an der Geschicht vun de Mënscherechter. Fir déi éischte Kéier gouf d'Waasser vun de Vereenten Natiounen als Grondrecht unerkannt an zanterhier mussen déi 145 Länner, déi den Traité ratifizéiert hunn, dofir suergen, datt all hir Populatiounen no an no, gerecht an ouni Diskriminatioun, Zougang zu propperem Drénkwaasser kréien. Ma dat ass awer nach laang net iwwerall de Fall. Pascal Hus vu PADEM:
"Dans certains pays, l'accès à l'eau reste compliqué. On peut citer quelques chiffres et quelques faits: je parlais des 2,2 milliards sur terre qui n'ont pas accès à l'eau salubre. Cela a plusieurs conséquences. On sait qu'en Afrique, par exemple, en moyenne, pour les femmes et les filles, c'est 6 heures tous les jours pour aller chercher de l'eau."
Ma net nëmmen d'Drénkwaasser ass e grousse Problem, och d'Toiletten?
"On sait qu'il y a 3,2 milliards d'êtres humains qui n'ont pas d'accès à des toilettes. Donc ce sont des défecations à l'air libre avec toutes les maladies que cela peut engendrer. Quand on parle d'eau, on parle aussi d'assainissement. Et enfin dernier chiffre très rapidement, toutes les 90 secondes, un enfant meurt d'une maladie liée à une eau inpropre à la consommation."
D'PADEM, eng ONG, déi 2002 gegrënnt gouf, huet sech zum Zil gesat, d'Liewensbedéngungen vun de schwächste Bevëlkerungsgruppen an den Entwécklungslänner, an zemools de Kanner, ze verbesseren. Dozou gehéiert och den Accès zu propperem Drénkwaasser. Am Kader vum Weltwaasserdag invitéiert PADEM nach bis de 24. Mäerz op eng Fotosausstellung am Lycée Nic Biever zu Diddeleng, esou wéi och op Formatioune fir Educateuren vu Maison Relais a Jugendhaiser.