Mir kennen dat all, eng Fläsch Waasser, déi méi  laang schonn op ass, richt op eemol net méi ganz esou frësch, oder se schmaacht och net méi ganz esou gutt. Dat wëll een da jo net méi drénken. Wann een et net verbëtze wëll, nätzt een domadder vläicht nach seng Planzen, mee ass dat Waasser da wierklech schlecht? Kann et iwwerhaapt schlecht ginn?

22/03/2023 Ëmfro: Spruddeleg oder platt Waasser? Plastik oder Glas?

Fir d'éischt emol: Kee Grond zur Suerg. Drénkwaasser kann u sech net oflafen, soulaang do elo net Dréck era kënnt. Bei Waasser, dat méi laang do stoe gelooss gëtt, bei deem ännert sech just d'chemesch Zesummesetzung. Egal ob am Glas oder an der Fläsch, un der Loft kënnt CO2 mat an d'Spill an dat wandelt en Deel vun der Flëssegkeet a Kuelesaier ëm. Doduerch geet de pH Wäert am Waasser erof. De pH Wäert weist un, wéi sauer eppes ass. Wat de Wäert méi déif, wat Flëssegkeete méi sauer sinn. Also de pH Wäert geet erof, an d'Waasser schmaacht méi saierzeg. Dat ännert awer just de Goût a soss näischt. Schiedlech ass d'Waasser doduerch net.

Mir wollten och vun Iech wëssen - wéi hutt dir d'Waasser am léifsten? Platt oder spruddeleg? Am Glas? Am Plastik?

22/03/2023 Ëmfro: Spruddeleg oder platt Waasser? Plastik oder Glas?

Waasser huet souzesoe kee Verfallsdatum, kann also net oflafen. D'Fournisseure musse per Gesetz awer op all Liewensmëttel e Verfallsdatum ausweisen. Dir kënnt d'Waasser also och nach drénken, wann drop steet, dass et "ofgelaf" ass. D'Kuelesaier hëlleft dobäi souguer no, well se d'Flëssegkeet och nach konservéiert. Egal ob spruddeleg oder platt, Dir kënnt et doduerch u sech onbegrenzt lageren.

Anescht gesäit dat awer bei Plastiksfläschen aus. D'Kuelesaier geet do méi einfach eraus a Sauerstoff kënnt an d'Fläsch eran. Dozou kënnt och nach, dass bei Plastiksfläschen op laang Dauer Chemikalien an d'Waasser komme kënnen. Wann Dir d'Waasser do nom Verfallsdatum drénkt, kommt Dir net direkt zu Schued, mee Fuerscher, wéi ënnert anerem en Toxikolog vun der Berliner Charité, ginn dovunner aus, dass dat op laang Dauer net gesond ass. Eng oppe Fläsch Waasser a Plastik soll een dofir an der Reegel an e puer Deeg eidel drénken. De Verfallsdatum op dëse Fläschen ass an deem Fall also net fir d'Waasser mee fir de Behälter.

Wann Dir eng Fläsch Waasser opgemaach hutt, da lagert se am Beschten och am Frigo. Beim Opmaache kommen do nämlech Mikroorganismen eran, déi sech virun allem bei enger heller a waarmer Ëmgéigend méi ausbreeden.