
Haut ass Weltwaasserdag. Annerhallwe Liter, oder awer léiwer 4? Wéi vill Waasser den Dag ass gesond? Brauchen eeler Leit es manner? A wat ass den Ënnerscheed tëschent verschidden Zorte Waasser, wann et ëm d‘Nutritioun geet? Mir hu bei der Diététicienne Nathalie Weber nogefrot.
Da fänke mir mol vir un: wéi vill Waasser den Dag soll een drénken?
Nathalie Weber: „Do gëtt et d‘EFSA, dat ass d‘Autorité européenne de securité des aliments. Déi recommandéiert bei de Fraen zwee Liter, bei de Männer zwee an en Hallwer Liter. Si maachen dann och nach d‘Trennung dass ee Liter dovunner sollt aus de Liewensmëttelen mat kommen.“
Eng gutt Zopp dréit natierlech genee sou zum deeglechen Waasserhaushalt bäi wéi, de Numm seet et schonn, e gutt Stéck Waassermeloun. Wéi ënnerscheeden sech dann déi verschidden Zorte Waasser ënnereneen?
Nathalie Weber: „Et ass den Mineralhaushalt deen ännert vun engem Waasser op dat anert. Spruddelwaasser ass gewéinlech e bëssi méi räich am Sodium, also bëssi méi salzhalteg. Beim platte Waasser ass de Salzgehalt allgemeng net sou héich."
Wann et ëm de Goût vum Waasser geet, entscheet den Undeel u Mineralien.
Nathalie Weber: „Am platte Waasser ginn et Marken, déi méi räich mineraliséiert sinn, an och Marken déi méi schwaach mineraliséiert sinn. A wann ee seet d‘Waasser hätt kee Geschmaach, dann ass et genee dat, wat den Ënnerscheed mécht. E Waasser, wat méi en rauen a stengege Gôut huet ass méi staark an de Mineralien. En anert, wat vill méi platt wierkt, ass méi déif am Mineralgehalt. Dat sinn Waasseren, déi och fir Bëbeeën kënne gebraucht ginn.“
D‘Krunnewaasser hei am Land ass iwwregens relativ schwaach mineraliséiert. Dann ginn et awer och nach verschidden Zorte Waasser, déi vu vir eran mat engem Goût equipéiert sinn.
Nathalie Weber: „Dat ass e bëssen ierféierend, well dat kënnen Waasserzorten sinn, déi effektiv just en Aroma bäigesat kruten, an an deem Sënn bleift effektiv d‘Basis vum Waasser. Mat engem Aroma, vun zum Beispill Peffermënz mat derbäi. Dir hutt awer och aner Marke vu Waasser, déi maachen dann och Zocker mat bei den Aroma. An dann ass et u sech kee Waasser méi, mee da gëtt et eng Limonade.“
An dann gëtt et och nach eng drëtt Alternativ: Waasser mat méi séissem Goût an Aroma, dat awer net mat Zocker geséisst ass, mee mat Séissstoffer. Den Duuscht selwer gëtt mam Alter manner, wat och emol geféierlech ka ginn. Ma d‘Nathalie Weber huet och heirobber eng Äntwert.
Nathalie Weber: „Elo am Wanter sinn Zoppen oder Bouillonen eppes Guddes. Am Summer dann Uebst, well dat och méi erfrëschend ka sinn. Et muss also net ëmmer d‘Glas Waasser sinn, et geet och mat Aroma.“
Géint Krämpercher oder wann ee verstoppt ass hëlleft iwwregens Waasser mat héijem Undeel un Magnesium.

© pixabay