Spéitstens zanter der Corona Pandemie ass kloer ginn, dass nach laang net all Mënsch frou mam Impfen ass. Als klengt Kand geet et well lass. Ma och erwuesse Leit gëtt recommandéiert deen eegenen Impfschutz reegelméisseg iwwerpréiwen ze loossen. An dat spéitstens all 10 Joer. Donieft kënnen awer och nei Liewensëmstänn wéi e Kannerwonsch, chronesch Krankheeten oder eng nei Aarbechtsplaz déi à Risque ass, dofir suergen, dass verschidden Impfungen definitiv sënnvoll sinn. Mir maache fir Iech den Tuer vun den Impfungen déi hei zu Lëtzebuerg Usus sinn.

15/03/2023 Recommandéiert Impfungen hei am Land

Virop emol: hei am Land sinn d'Impfungen net obligatoresch. An awer ass et wichteg, seng Kanner impfen ze loossen. Net jiddereen ass begeeschtert vun där Iddi a verschidde Leit si reegelrecht Impfgéigner, ma Fakt ass awer, dass mir duerch d'Impfen sou munch Kannerkrankheete well verdriwwen hunn. Bei deene klenge Butzen stinn direkt e puer wichteg Impfungen un, Dokter Nico Haas:

"Et gi vill Impfungen déi wichteg sinn an déi och gemaach gi vu Klengem un. Ech schwätzen do vun der Diphtherie, vum Tetanos, vum bloen Houscht, der Coqueluche, d'Infektioune vum Haemophilus Typ B, d'Kinderlähmung an d'Hepatite B. Hepatite B gëtt iwwerdroen iwwer Geschlechtsverkéier a wann een d'Kand als Kand immuniséiert huet wou et nach net a Kontakt kënnt mat esou eppes, dann ass et besser geschützt."

Da gëtt et awer och nach d'Impfung géint d'Gastro-entérite déi duerch de Rotavirus ausgeléist gëtt.

"An da gi se och geimpft géint de Pneumocoque, deen ass implizéiert an den Otitten, de Sinusitten an de Longenentzündungen, an de Meningitten. En ass iwwerall implizéiert, dofir ass et wichteg eng gutt Immunitéit géint de Pneumocoque ze hunn."

Nieft de Rappelle vun dësen Impfunge stinn dann e bëssi méi spéit och nach de Schutz géint d'Riedelen, d'Riselen, d'Waasserpouken an de Mumps um Programm. Ma och d'Impfung géint de Papilloma Virus, dee Schold um Kriibs vun der Gebärmutter awer och un Anal- oder Oralkriibs ass, ass immens wichteg.

"Fir den Erwuessene recommandéiert ee standardméisseg nëmmen Diphterie, Tetanos, d'Coqueluche an d'Polio. Well d'Polio heescht zwar Kinderlähmung op Däitsch mee och den Erwuessene ka betraff sinn. Wann een dann op eemol e Been net méi ka beweegen oder net méi richteg goe kann, dat ass scho schlëmm."

Donieft gëtt et dann och nach d'Impfung géint d'Gripp déi fir Risikopatiente sou wéi Leit iwwer 65 Joer recommandéiert ass, sou wéi d'Impfung géint d'Longenentzündung.

"Ausserdeem ginn et nach verschidde Leit déi recommandéiere fir géint d'Gürtelrous ze impfen. Perséinlech fannen ech, dass d'Frequenz net sou héich ass, mee wann de Patient dat awer gären hätt da maachen ech dat. Dat ass de Vaccin Shingrix mee deen ass relativ deier a kascht ëm déi 160 Euro."

Am grousse Ganze wier, dem Dokter Nico Haas no, de Bilan vun den Impfungen hei am Land positiv. Iwwer 67% vun de Leit hätten hei d'Standard Impfungen. An och wann et alt mol zu vereenzelten Doudesfäll komme kann duerch eng Impfung, dat mat ongeféier 1 Persoun op 2 Milliounen Impfungen, sou ginn doduerch awer och vill Liewe gerett respektiv Krankheete verhënnert. An dat soll een net vergiessen!