E Pilotprojet fir fréi Erkenne vu Bëschbränn ass an Däitschland d'lescht Woch am Raum Brandenburg gestart. Et geet ëm Sensoren un de Beem, déi d'Gaszesummesetzung vun der Loft moossen, dat Ganzt mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz. 

18/03/2023 KI-Feiermelderen fir d'Beem? De Reportage vum Radio

Zu deenen heefegsten Ursaache fir Bëschbränn sinn onkontrolléiert Feieren, déi vum Mënsch stamen: Feieren déi ugefaange gi, fir ze grillen, e waarmen Autos-Motor op enger dréchener Wiss an de Klassiker, eng Zigarett, déi an d'Natur gehäit gëtt, oder d'Sonnelliicht, wat duerch e Glas gebrach gëtt. Et misst een awer och virsuergen, dass et net esou séier zu engem grousse Feier kënnt, Ben Louis Fierschter am Revéier Stengefort a Responsabel vum Naturschutzzentrum Mirador :

Ech muss natierlech als Fierschter ëmmer nees ënnersträiche wéi wichteg et ass, op Aarteräich- a Mëschbëscher ze setzen anstatt op Plantagen, sief et Noolenholz, sief et Lafholz, déi natierlech vill méi ufälleg sinn, fir esou Bëschbränn. Genee esou ass e Kahlschlag, wou grouss Hëtzen entstinn an och e Laffeier ganz séier entstoe kann, sécherlech ze vermeiden. De Bësch méiglechst laang stoe loossen, och an Etagen, dass méiglechst wéineg Hëtzt dra kënnt, an och Doudholz, wat eng grouss Waasserspäicherfunktioun huet, well esou en naasst Stéck Holz brennt natierlech manner séier, wéi esou eng exponéiert waarm Fläch.        

An enger 400 Hektar grousser Bëschregioun an Däitschland dierf eng Firma elo dräi Joer laang hir AI-Sensoren, déi mat Solar ugedriwwe sinn, testen. Dat fonctionéiert esou änlech wéi och Dampmelder an déi Sensoren erkennen de Geroch am Fall vun engem Schwiefelbrand. D'Bëschiwwerwaachung ass bis elo an där Regioun iwwer Kamerae gelaf, déi mellen, wann sech iwwert de Beem Damp entwéckelt. Dann ass allerdéngs de Bëschbrand scho voll ausgebrach. Wat an esou engem Fall zielt, si Sekonnen an och d'Fro - wou ass et geschitt a wéi kënnt een am séiersten dohinner?

Mir hunn de System vun de Rettungspunkten an de Bëscher, déi a Form vun engem Poul mat enger Plaquette drop festgeluecht sinn, op där Plaquette steet e Code a wann een dann en Accident huet, oder an deem Fall vläicht souguer e Bëschbrand gesäit, da rifft een den den 112 un, an et gëtt een dee Code duerch. Mat Hëllef vun deem Code, weess deejéinegen, deen ze kommen huet, direkt wou dat ass.

RTL

© pixabay

Länner déi mat der Waldbrandproblematik scho méi laang konfrontéiert sinn, hunn natierlech och eng ganz Panoplie u Mesuren ëmgesat, fir Feieren an der Natur ze detektéieren an och Leit déi op Posten agesat ginn fir eng Regioun ze kontrolléieren. Hu mir och e Risk vu gréissere Bëschbränn hei, Cédric Gantzer vum CGDIS?

Hei am Land hu mer éischter mat Vegetatiounsbränn ze dinn a méi seele mat Bëschbränn. Dat ass vu ville Facteuren ofhängeg, notamment dem Wieder hei am Land, ma och dem Vegetatiounstyp, dee mir hei zu Lëtzebuerg hunn. Et ass och esou dass Lëtzebuerg méi besidelt ass, wéi aner Länner an Europa an dass esou Bränn relativ séier bei eis um 112 gemellt ginn. Et gëtt hei am Land e Groupe de Travail zu der Vegetatiounsproblematik, wou verschidden Acteuren nieft dem CGDIS och vertruede sinn, d'AI (Artificial Intelligence) ass awer menges Wëssens nach keen Thema gewiescht.

Déi technesch Fortschrëtter an de leschte Jore maachen d'Brandbekämpfung méi liicht. Och Dronen kënne mëttlerweil wichteg Informatioune liwweren, grad op oniwwersiichtleche Plazen, well déi mat Infrarout moosse wou Feiertemperature sinn.

RTL

© pixabay