
© Pixabay
Fir de Weekend vum 18. a 19. Mäerz 2023.
Uni.lu invitéiert haut op hir Porte Ouverte um Campus Belval. D'Uni gëtt presentéiert an et si Visite Guidéeën.
https://wwwfr.uni.lu/universite/evenements/open_day_2023
Muer ass déi 66. Kavalkad zu Péiteng. Vun zwou Auer mëttes un, mam leschten Optrëtt vum Käptn Anda a Matrous K1000.
Den Entrée ass fräi an et gi gratis Parkméiglechkeeten.
Haut steet de Vëlo am Mëttelpunkt an den Däichwisen zu Ettelbréck. Mam Vëlosoccassiounsmaart, Pump Track,
dem DJ DEE an dem Youth Cup, enger Vëloscourse fir lizenzéiert a net lizenzéiert Jonker.
Vun 10 Auer de Moien bis 5 Auer de Mëtteg.
https://ettelbruck.lu/visiteur/events/velosdag-am-daich/
Da si nach e ganze Koup Evenementer am Kader vum Télévie:
Zu Rëmeleng an der Sportshal ass haut e Jux-Futtballturnéier mat enger ganzer Rëtsch vu flotten Ekippen.
Um 10 Auer de Moien ass den Ustouss an d'Finall ass den Owend géint 6 Auer.
https://televie.rtl.lu/agenda/16489.html
De Badminton Helperknapp organiséiert haut och en Turnéier fir de gudden Zweck.
De Rendezvous ass vun de Mëtteg eng Auer un an der Hal zu Brouch an et gëtt nom Schwäizer System gespillt.
https://televie.rtl.lu/agenda/16502.html
Da nach Theater fir den Télévie, mam Stéck 'Chaos op der Bunn' vun den Déifferdénger Guiden a Scouten.
Haut a muer gëtt gespillt an och dee nächste Weekend, owes um 8 Auer, am Festsall op der Zowaasch.
Muer organiséieren d'Fraen a Mammen Schëtter e flotte Mäerchentour mat Allerlee um Baurenhaff
"A-Schmatten" zu Aal-Schëtter.
Lass geet et um zwou Auer mëttes an déi lescht Grupp gëtt um 4 Auer op de Wee geschéckt.
Fir Gedrénks an de kléngen Honger ass beschtens gesuergt.
https://televie.rtl.lu/agenda/16522.html
Gëschter war St. Patrick's Day an haut fléisst an den iresche Puben de grénge Béier. Déi iresch Communautéit,
de Comhaltas Ceoltóirí Éireann erhält d'Traditioun vun der irescher Kultur an et gëtt
zu Hollerech an der Rue Lavandier am Centre Culturel e Céilí gefeiert.
Fir Kanner vun hallwer 3 bis hallwer 5 am Nomëtteg an den Owend vun hallwer 8 un fir déi Grouss.
https://comhaltas.lu/2023/02/17/st-patricks-day-ceili-saturday-18th-march/
An zum Schluss nach en Tipp fir nom Weekend. En Dënschdeg heescht et 'Bach in the Subways', mat Mini-Concerten direkt op verschiddene Plazen an der Stad.
https://inecc.lu/bach-subways-mini-festival-0