
© comhaltas.lu
Dee wuel bekanntsten iresche Feierdag ass de St. Patrick's Day, dacks och léif St. Paddy's genannt. All Joer gëtt de 17te Mäerz vun den Iren an der ganzer Welt gefeiert an esou munch Net-Iren ginn haut "Irish for a day"... Mee wat gëtt dann op dësem Dag genee gefeiert? A virun allem - Wie war deen ominéisen hellege Patrick?
De Padraig, Schutzpatréiner vun den Iren, huet am 5te Joerhonnert gelieft. Wéi a wou e genee opgewuess ass, doriwwer gëtt et keen exakte Beweis, mee bei eppes stëmmen awer all Legenden iwwerteneen: Mat 16 Joer ass en duerch Sklavendreiwer vu Wales, oder Schottland eriwwer an Nordirland verschleeft ginn, wou en an deenen nächste Joren dunn en haart Liewen als Schofshiert hat. De Guy Blitgen Vize-President vum Comhaltas Ceoltóirí Éireann:
Et gouf och am 9te Joerhonnert gesot, dass hien um Crough Patrick 40 Deeg a 40 Nuechte gefaascht huet a well eiser Här em seng Gesondheet besuergt war, huet hien en ofgehale virunzefaaschten. Dorops huet de St. Patrick dräi komesch Konditioune gestallt: Dass d'Iren ni vun enger anerer Muecht besat sollte ginn, dat ass leider net agetratt. Dass d'Insel géing ënner goen, 7 Joer virum Enn vun der Welt, do si mer Gottseidank nach net. An da kënnt déi drëtt an déi komeschst: Dass nëmmen de St. Patrick d'Leit op hirem leschten Dag dierf jugéieren. Dat heescht, wann een dann an den Himmel kéim, kéim ee bei de St. Patrick an dat wier de Péitrus.

© comhaltas.lu
Haut ass also den Doudesdag vum hellege St. Paddy, Nationalfeierdag an Irland, ofgesi vu Restauranten a Pub'en ass op der Insel awer alles zou. De reliéise Charakter ass och zimmlech an den Hannergrond geréckelt, ma villméi gläicht den Dag haut e bëssen enger grénger Fuesent... engem lëschteg-fiichte Volleksfest. Musek an Danz, ass eben eppes woumat een Irland schonn ëmmer verbënnt. De Comhaltas erhält d'Traditioun vun der irescher Kultur an do ass e Samschdeg zu Hollerech an der Rue Lavandier am Centre Culturel e Céilí fir Kanner am Nomëtteg an Owes fir déi Grouss. Deemno Prost... oder wéi soen d'Iren: "Sláinte" op St. Patrick's!

© comhaltas.lu