Wien dreemt dann net dovun eleng op enger einsamer Insel Vakanz ze maachen oder souguer do ze wunnen? Net nëmme kéint ee sou d’Schéinheet vun der Natur bestaunen, et huet ee virun allem och seng Rou! Allerdéngs ginn et och eng Rei onheemlech Inselen, op déi Dir léiwer kee Fouss setze sollt. Mir hunn Iech der e puer erausgesicht.

17/03/2023 Inselen, wou een net sollt Vakanz maachen

Den éischte Stopp vun eiser Rees féiert eis an Italien, wou an der Lagun vu Venedeg déi ronn 7,5 Hektar grouss Insel Poveglia läit. Dës wierkt op den éischte Bléck relativ harmlos, allerdéngs ass Poveglia och ënnert dem Numm "Peschtinsel" bekannt. Honnertdausende vu Pescht-Patiente goufen tëschent dem 18. an dem 19. Joerhonnert heihinner bruecht an a Quarantän gesat. Engem lokalen Awerglawen no sollen déi Verstuerwe bis haut op Poveglia ronderëm geeschteren. Dës weidere gouf d’Insel spéider och als Waffendepot vum Napoleon Bonaparte an an den 1920er Joren als psychiatresch Klinik genotzt. Dës steet och haut nach do, Poveglia gouf allerdéngs entretemps verstaatlecht an den Zougank ass der Ëffentlechkeet strengstens ënnersot.

Eng weider onheemlech Insel, déi fréier als Klinik genotzt gouf, fënnt een am New Yorker East River tëschent der Bronx a Rikers Island. "North Brother Island", heescht dës verloosse Plaz op där an den 1880er Joren, Mënsche mat ustiechende Krankheete behandelt goufen. Eng besonnesch bekannt Patientin war Mary Mallon, och "Typhus-Mary" genannt, déi als éischt Persoun an den USA gëllt, déi Typhus verbreet huet, allerdéngs ni selwer drun erkrankt ass. 1904 koum et virun der Insel ausserdeem zu engem schwéiere Feier op engem Schëff bei dem iwwer 1.000 Mënschen ëm d’Liewe koumen. Nodeems se kuerzzäiteg als Studentenheem an och als Drogenentzuch-Klinik genotzt ginn ass, gouf d'Insel an de 60er Joren definitiv opginn. Haut däerfen nëmme Fuerscher "North Brother Island" betrieden.

Keng verkomme Klinik-Gebaier mä dofir déidlech Schlaange fënnt ee ronn 33 Kilometer virun der brasilianescher Südostküst. Hei läit d’Insel "Queimada Grande", déi net ouni Grond och "Schlaangeninsel" oder "Doudesinsel" genannt gëtt. Mat bis zu 4.000 Schlaangen op enger Fläch vun nëmmen 43 Hektar gouf et zäitweis keng aner Insel op der Welt, déi eng méi héich Densitéit u Gëftschlaangen hat. E Liichttuerm ass dat Eenzegt, wat nach drun erënnert, datt fréier mol eng Handvoll Leit hei gewunnt hunn. Déi hu sech och ëm dëse gekëmmert, allerdéngs soll de leschte Surveillant vum Liichttuerm vun enger Schlaang gebass ginn an dodru gestuerwe sinn. Haut setzen nëmmen nach Membere vun der Marinn oder Wëssenschaftler e Fouss op d’Schlaangeninsel.