
© SNJ
De Jugendpräis gëtt zanter 2015 all zwee Joer vum SNJ organiséiert. D’Zil vun deem Ganzen ass et de Projeten, déi vu Jugendlechen organiséiert goufen eng Bün ze bidden, fir sech dem Grand Public ze presentéieren.
De Jugendpräis gëtt zanter 2015 all zwee Joer vum SNJ organiséiert. D’Zil vun deem Ganzen ass et de Projeten, déi vu Jugendlechen organiséiert goufen eng Bün ze bidden, fir sech dem Grand Public ze presentéieren. Et ass deemno schonns déi 5 Editioun an och dëst Joer ass de Präis nees a verschidde Kategorien opgedeelt. De Jeff Faltz vum SNJ.
"Dëst Joer hu mer insgesamt véier Kategorië festgeluecht an déi sinn och relativ breet gehalen, sou datt mer ebe méiglechst vill Projete konnten unzéien. Et ass eng Kéier eng Kategorie am Beräich vun der Kreativitéit. Dann hate mer awer och Projeten am Beräich vun der Solidaritéit. Dann nach eng fir d'Nohaltegkeet an dann hu mer dëst Joer awer nach eng Kategorie dobäi gemaach, déi am Fong fir alleguer déi Projete sinn, déi net an déi éischt dräi Kategorie passen, fir esou ebe keng aner flott Projeten auszeschléissen."
Doriwwer eraus ginn et dëst Joer awer nach 2 Spezial-Präisser ze gewannen, déi vu Partner gesponsert ginn.
"Dat ass eng Kéier d'Anefore fir de Präis fir Projeten, déi transnational waren. Dat heescht Projeten déi entweder am Ausland stattfonnt hunn oder awer Jonker aus dem Ausland a Lëtzebuerg bruecht hunn. Den zweete Spezialpräis ass gesponsert vun der Oeuvre Grand-Duchesse Charlotte. Dat ass am Fong fir Projeten, déi vun Organisatiounen, Associatiounen a Jugendgruppe gemaach goufen, déi sech elo eréischt viru kuerzem forméiert hunn an déi elo mol hiren éischte Projet op d'Bee gesat hunn."
Ze gewanne ginn et an de véier Haaptkategorien 1500 Euro fir zum Beispill de nächste Projet ze lancéieren. Bei de Spezialpräisser kréien d’Gewënner Méiglechkeet un enger Formatioun deelzehuelen, fir déi zukünfteg Projeten nach méi flott ze gestalten. Wien entscheet da schlussendlech, wien um Enn déi glécklech Gewënner sinn?
"De Jury ass zweegedeelt. Do ass e Jury-Expert, dee sech aus sechs Leit zesummegesat huet. Deen huet elo schonns aus de 64 Kandidaturen 2 Projete pro Kategorie erausgesicht, déi elo nominéiert sinn."
An enger weiderer Phase kann elo de Grand Public um Internet nach ee weidere Projet pro Kategorie nominéieren. An da gi réischt d’Haaptgewënner erausgesicht, déi dann de 4. Mee um Geesseknäppchen hire Präis entgéint huele kënnen.
"D'Gewënner, déi ginn dann tatsächlech nach vun engem weidere Jury definéiert an dat ass e Jury-Jeunes, dee sech zesummesetzt aus enger gudder Dose Jonker. Do maache mer och elo een Appell fir Jonker, déi interesséiert si fir do matzemaachen. Matmaache kënne Jonker tëscht 16 an 30 Joer an och do leeft d'Umeldung iwwert eisen Internetsite jugendpräis.lu""
Hei de Link mat all den Informatiounen: