Ugangs vum Joer war d'Motivatioun nach grouss, elo mierken se awer an de Fitnesszenteren dass nawell vill Leit opginn. Mir hu nogefrot wéi eng Grënn dat huet.

23/03/2023 Firwat vill Leit am Fitness ophalen- De Reportage vum Radio

Et läit net onbedéngt drun dass ee soll liddereg sinn. Ënnert anerem de Muskelkater kann engem d'Loscht huelen. Awer net nëmmen.
D'Romina Farenza, Gérante bei Luxfit op der Cap:

23/03/2023 Fitness 1

"Ech mengen de Problem ass oft dass d'Leit sech am Ufank vill ze vill virhuelen an och vill ze héich Ziler usetzen, vläicht all Dag an de Fitness wëlle goen oder all Dag Sport maachen an doduercher ka sech eng Iwwerfuerderung  entwéckelen oder et kann zu Verletzunge kommen an doduerch geet d'Motivatioun erëm erof. Oder d'leit setzen hier Prioritéiten net op de Sport oder op de Fitness a fannen dann ëmmer erëm Excusen fir da net méi ze goen."

RTL

© Pixabay

Dofir lount et sech wann ee sech virhëlt 2 oder 3 mol an der Woch ze goen an et net iwwerdreift, bei deenen 2 oder 3 mol dann awer och disziplinéiert ass.
Da kënnt nach dobäi dass ee bannent engem Mount net wierklech vill Verännerungen gesäit.
Fitness ass awer net nëmmen Ästhetik...

23/03/2023 Fitness 2

"D'Strukturen ewéi zum Beispill d'Bänner, d'Seenen,d'Muskele gi méi staark, och wann een dat net esou direkt am Spigel gesäit. Och den Häerz-Kreeslaf-System gëtt gestäerkt wann ee reegelméisseg Sport mécht an d'Virdeeler vum Sport sinn och dass een de Stress ka reduzéieren, de schlof ka verbesseren, esou dass ee sech allgemeng am Alldag vill besser fillt."

RTL

© Pixabay

Mir mussen eis bewosst sinn dass de Kierper einfach Zäit  brauch fir Verännerungen, do ginn e puer Wochen net duer fir grouss Resultater op der Wo ze erkennen.

23/03/2023 Fitness 3

"Wann ee jorelaang kee Sport gemaach huet, da muss ee sengem Kierper natierlech och Zäit ginn fir e puer Kiloen kënnen ze verléieren. Ausserdeem kann et sinn, dass wann ee Kraafttraining mécht, sech op der Wo näischt deet well d'Verhältnis tëscht Muskel- a Fettmass ech ka veränneren. Zum Beispill wann een zwee Kilo Fett verluer huet an awer zwee Kilo Muskelen opgebaut huet, verännert sech näischt op der Wo, mä de Kierper an esou och d'Silhouette déi sech zum Positive verännert."

Et kann och sinn dass ee méi dacks hongereg gëtt wann een trainéiert. Och d'Ernierung sollt dee Moment ugepasst ginn.